Opdecke vun Dateschutzproblemer

Déi national an europäesch Gesetzgebung gesäit vir, dass Persounen sech bei enger nationaler Entitéit beschwéiere kënnen, wann hier Rechter am Beräich vun de si betreffende persounebezunnenen Date verletzt goufen. Bei eis am Land ass et d’CNPD, déi sech ëm dës Doleance këmmert. 

Niewent selwer betraffene Persounen, kënnen awer och Aussestoender Problemer beim Dateschutz opdecken. Allerdéngs ass d’Recevabilitéit vun enger Reklamatioun bei der CNPD awer ënnert anerem dovun ofhängeg, ob deen, wou reklaméiert, selwer vum Dateschutzproblem betraff ass. Deckt eng Persoun e Problem op an engem Beräich, wou hier eegen Daten net traitéiert ginn, ass d’CNPD ënnert der aktueller Gesetzgebung also net zoustänneg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. U wie kënne sech Persounen aktuell wenden, déi en Dateschutzproblem melle wëllen, deen hier eegen Daten net betrëfft?
    Falls et esou eng Kontaktstell gëtt: Ass dës Entitéit gesetzlech verflicht dës Reklamatioun ze traitéieren?

  2. Ginn et Iwwerleeungen, fir d’Kompetenze vun der CNPD auszewäiten, fir zentraliséiert op enger Plaz all Aarte vu Meldungen iwwer Dateschutzproblemer ze traitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7833

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.