Onrouen a Frankräich – wéi ass Lëtzebuerg preparéiert?

Nodeems virun e puer Deeg de jonke Nahel bei enger routinärer Autoskontroll vun engem Polizist erschoss gouf, ginn a Frankräich vill Persounen op d’Strooss fir géint d’Policegewalt ze manifestéieren. D’Protestaktioune sinn allerdéngs net alleguerte friddlech ofgelaf an esou ginn et aktuell queesch iwwert de franséischen Territoire Onrouen, déi a Saachbeschiedegung, Pyromanie, Déifställ a Verletzungen ausgaange sinn. Och an der Lorraine koum et zu Gewaltaktiounen. L’essentiel beriicht, dass zu Mont-Saint-Martin, e puer Meter vun der franséich-lëtzebuergescher Grenz an net wäit wech vun den Tankstellen, Gebaier a Brand gesat goufen, dorënner eng Schoul an ee Centre Médical.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’lëtzebuergesch Police op d’Onrouen an eisem Nopeschland virbereet? 

  2. Wéi eng ginn aktuell ënnerholl, fir Infrastrukturen an der Grenzregioun viru Gewaltaktiounen ze schützen?

  3. Huet d’lëtzebuergesch Police eise franséischen Noperen Hëllef an Ënnerstëtzung zougesot, falls d’Onrouen an der Groussregioun eskaléiere sollten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8117

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt