Den 20ten August huet eng Firma, déi hier Aktivitéit an der Industriezon Hanebësch zu Déifferdeng ausüübt, ee Bréif u verschidde Gemenge geschéckt. Déi besote Firma exploitéiert zënter Joren eng Hal an dëser Industriezon an ass spezialiséiert am Stockéieren an Archivéiere vun Dokumenter. Ënnert de Clientë vun dëser Firma befannen sech virun allem ëffentlech Acteuren aus der Justiz a Gemengen. Dës ëffentlech Acteure gräifen op d’Servicer vun der Firma zu Suessem zeréck, well se selwer keng Platz hunn, fir dës Dokumenter a Miwwele bei sech ënnerzebréngen.
Besote Firma krut vum Wirtschaftsministère matgedeelt, datt se hier Aktivitéiten an der Industriehal zu Déifferdeng misst astellen. Vill Gemengen a Verwaltunge stinn elo virun engem Problem, well se an deem Fall missten déi zéngdausenden Dossieren a Miwwelstécker, déi d’Firma aktuell verwalt, siche goen an zwueschaanescht ënnerbréngen. Ofgesi vun de Käschten, déi dës Plënneraktioun fir de Steierzueler mat sech bréngt, stellt sech d’Fro, wou dës dausenden Objeten dann elo sollen ënnerbruecht ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat hunn de Wirtschaftsministère besotener Firma eng Verlängerung vun hirem Bail verweigert?
-
Gouf bei dëser Decisioun a gezunn, datt och ëffentlech Verwaltungen aus der Justiz an um Gemengenniveau an d’Bredouille gedriwwe ginn, well se elo no alternative Léisunge fir hire Stockage kucke mussen?
-
Ass sech de Wirtschaftsminister bewosst, datt duerch d’Kënnege vum Bail d’Firma warscheinlech hier wirtschaftlech Aktivitéit zu Lëtzebuerg wäert zoumaachen an hier Mataarbechter wäerte mussen entloossen?
-
Ass de Wirtschaftsminister sech och bewosst, datt duerch d’Wechfale vun der Hal nei Käschte fir d’Gemengen an d’Verwaltungen entstinn, well se
1. an enger Riesenaktioun d’Objete plënnere mussen,
2. een neie Stock fir den Entreposage vun den Objete fanne mussen an
3. dësen neie Stock warscheinlech och aner Tariffer freet, wéi déi, déi aktuell zu Déifferdeng bezuelt ginn? -
Huet de Wirtschaftsministère eng Kéier d’Transitiounskäschte berechent a kann de Wirtschaftsminister estiméiere wéi vill Steiergelder d’Gemengen an d’Verwaltunge fir d’Punkten aus der vireger Fro opwenne mussen, well de Wirtschaftsministère dës Decisioun getraff huet?
QP Nummer 2791