Onméiglech Situatioun am Ettelbrécker Foyer

An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt ze heesche sinn. Eisen Informatiounen no feelt et zum Beispill am Foyer vun der Turnhal zu Ettelbréck un Heizungsméiglechkeeten an un anstännegen Oftrennungen tëscht den eenzele Leit a Familljen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister dës Zoustänn bestätegen? Sinn dëst Zoustänn déi kuerzfristeg entsti, well eng Heizung net geet oder laangfristeg, well net genuch Heizméiglechkeeten existéieren a verschiddene Foyeren?

  2. Firwat ass et net méiglech fir an de Foyere, wou et néideg ass, mobil Heizungen zum Asaz ze bréngen?

  3. Wat gëtt gemaach, fir dass d’Kanner an d’Erwuessen a Konditioune beherbegt ginn, déi den Engagementer, déi Lëtzebuerg international ënnerschriwwen huet, zum Beispill mat der Kannerrechtscharta, gerecht ginn?

  4. Kann de Minister bestätegen, dass Alternative fir de Leit auszehëllefen a Punkto Hëtzen proposéiert gi sinn, déi awer net zréckbehale gi sinn? Wéi eng Alternative waren et a firwat si se net zréckbehale ginn?

  5. Ass de Minister bereet de Loyer fir dëse Foyer erofzesetzen bis Léisunge fir d’Hëtzen vun der Sportshal fonnt sinn? 

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt