Finanzéierung vum Jugendschutz duerch den ONE

Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°820 informéiert de Minister, dass den ONE am Zäitraum 2019-2023 insgesamt 651.920.372€ u seng extern Prestatairen ausbezuelt huet.
    • Kann de Minister den uewe genannte Montant op d’Joren 2019 bis 2023 an op déi zéng gréisste Prestatairen oplëschten?

  2. De Minister huet och präziséiert, fir wéi eng Prestatiounen am Zäitraum 2009 bis 2013  309.766.783 € ausgi goufen (gemengt war wuel d’Period 2019 bis 2023?).
    • Kann de Minister den uewe genannte Montant op d’Joren 2019 bis 2023 an op déi verschidde Forfaiten oplëschten?

  3. Existéieren iergendwellech Etüden, Indicateuren oder Prozeduren, fir d’Aarbecht an d’Prestatioune vum ONE a senge Prestataire ze bewäerten?
    • Falls jo, wéi eng sinn dat a wéi eng Leit ginn hei gefrot?
    • Falls nee, wäert de Minister dofir suergen, dass hei an Zukunft Date wäerten erhuewe ginn, bzw. d’Servicer méi genee analyséiert ginn (zum Beispill duerch Enquêtes de satisfaction?)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 988

Eischt Fro:

https://piraten.lu/one-allocatiounen

Mir hunn eng Nofro heizou gestallt:

Den Office national de l’enfance (ONE) ass eng Verwaltung, déi sech fir de Jugendschutz hei am Land asetzt. Den ONE schafft selwer u Projeten an ënnerstëtzt och aner Prestatairen am Beräich vum Jugendschutz. Heifir bezilt den ONE senge Prestatairë fir d’Ausféierung vu verschiddene Servicer Suen aus.

An den Äntwerten op d’parlamentaresch Froen n°988 an 820 huet de Minister  Informatiounen iwwert den finanziellen Volume vun dëser Aarbecht oppegeluecht. Aus den Äntwerten goung ervir, dass den ONE vun 2019 op 2023 gekuckt ronn 650 Milliounen Euro un extern Prestatairen iwwerwisen huet, dovunner ronn 495 Milliounen (3/4 vun den Ausgaben) un déi 10 gréissten Prestatairen. Ronn 309 Milliounen goufe fir de Budgetsposten Forfaits journaliers (11733005) ausginn.

  1. Kann de Minister den Tableau vun de Gesamtmontanten, déi den ONE un déi 10 gréisste Prestatairen ausbezuelt huet, op d’Joren 2019 bis 2023 ventiléieren? (Tableau aus der Äntwert op d’Fro n° 988)
  2. Kann de Minister d’Gesamtmontanten vun de jeeweilege Budgetsposten aus dem Tableau aus der Äntwert n°820 deenen 10 gréisste Prestatairen zouerdnen?
    Aanechters gefrot: wéi verdeelen sech d’Budgetsposten aus dem Tableau op déi 10 gréissten Prestatairen?
  3. 2022 loung de Budget vum ONE nach bei ronn 144 Milliounen Euro. Fir 2025 sollen d’Käschten op 208 Milliounen eropgoen. Dat si ronn 44% méi Ausgaben beim ONE bannent nëmme 4 Joer.
    • Wéi erkläert de Minister, nieft der Inflatioun zënter 2022, dës Hausse vun den Ausgaben beim ONE bannent dësem kuerzen Zäitraum? 
    • Wéi eng weider Leeschtungen goufen beim ONE agefouert, déi dës Hausse erklären?
  4. Wéi ee Service ass zoustänneg fir d’Préifung vun de Rechnungen, déi den ONE vu senge Prestataire kritt a wéi vill Beamten schaffe an dësem Service? 
  5. Wéi eng Prozeduren huet den ONE sech ginn, fir d’Rechnungen vu sengen externe Prestatairen souwéi d’Qualitéit vun de Prestatiounen ze kontrolléieren, sou wéi se an de Kontrakter an Konventiounen festgehale goufen?

Frpo n°1628

CHD

Weider Nofro n°1996

Verlaf an der Chamber

Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°820 informéiert de Minister, dass den ONE am Zäitraum 2019-2023 insgesamt 651.920.372€ u seng extern Prestatairen ausbezuelt huet. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°988 weist de Minister an engem Tableau, dass den ONE am Zäitraum 2019-2023 ronn 495 Milliounen (3/4 vun den Ausgaben) un 10 gréissere Organisatiounen verginn huet. 

Et ass wichteg, dass all Euro, deen an de Jugendschutz investéiert gëtt, och do ukënnt, wou e gebraucht gëtt, soudass, wéi de Minister et schreift:
“”all Kand, all Jugendlechen an all Famill, déi Hëllef brauch, eng beschtméiglech Ënnerstëtzung bei engem Prestataire aus dem Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef kritt, onofhängeg dovun, ob et sech ëm psychologesch Berodung, ambulant Moossnamen, sozialpedagogesch Betreiung oder den Accueil an enger Fleegefamill handelt.””

Mir gouf vu verschiddene Persounen zougedroen, dass verschidde vun dësen Organisatiounen Servicer facturéieren, déi se nie prestéiert hunn. 

Op d’Fro, wéi Rechnunge kontrolléiert ginn, hat de Minister folgend Informatiounen geliwwert.
“”Den zoustännege Service ass de Service Finances vun der Direction générale de l’aide à l’enfance et à la famille (DG AEF) vum MENJE. Dëse Service besteet aus 13 Posten. […] Et bestinn intern Prozedure beim ONE a bei der DG AEF, déi virgesinn, datt all d‘Rechnunge vun den externe Prestatairen op hir Richtegkeet, hir Konformitéit zu de Kontrakter an de Konventioune kontrolléiert ginn.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi sollen d’Persounen (Whistleblower) virgoen a bei wiem kënne si sech vertraulech mellen, wa si d’Informatioun hunn, dass eng Prestatioun vum engem externe Prestataire falsch facturéiert gouf? 

  2. Wéi oft huet den zoustännege Service beim ONE zënter 2019 festgestallt, dass eng Rechnung net richteg oder konform war?

  3. Gouf den zoustännege Service beim ONE an der Vergangenheet schonns vu Whistlebloweren kontaktéiert a wéi ginn esou Informatiounen no den interne Prozeduren beim ONE behandelt a suivéiert?

QP Nummer 1996

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in