ONE-Allocatiounen

Den Office national de l’enfance (ONE) ass eng Verwaltung, déi sech fir de Jugendschutz hei am Land asetzt. Den ONE schafft selwer u Projeten an ënnerstëtzt och aner Prestatairen am Beräich vum Jugendschutz. Heifir bezilt den ONE senge Prestatairë fir d’Ausféierung vu verschiddene Servicer Suen aus.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Organisatiounen hu vun 2019 bis 2023 Sue vum ONE krut a wéi vill?

  2. Fir wéi eng extern Servicer huet den ONE tëscht 2019 an 2023 pro Joer am meeschte Suen investéiert?

  3. Kann de Minister eng Oplëschtung maache vun allen Ausgaben (Budgetsposten), fir déi den ONE Suen un d’Acteuren um Terrain ausbezilt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 820

Zesummenhang posts

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der
Am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz schaffe vill staatlech an net-staatlech Organisatioune ronderëm d’Auer, 24Stonnen op 7, fir Projeten an Hëllefsmoossnamen ëmzesetzen. D’Hëllef kënnt