Onbekannte Flugobjeten

Am Juni 2021 ass e Bericht verëffentlecht ginn, an deem d’amerikanesch Geheimdéngschter iwwer Siichtunge vun “Unidentified Aerial Phenomena” tëscht de Joren 2004 an 2021 beriichten. Fir iwwer honnert Himmelsphenomener aus dëser Zäitspan konnt keng definitiv Erklärung fonnt ginn. Et kéint sech em futtis Wiederballonen, Dronen, Villercher oder och einfach opgewirbelten Offall handelen, mee och natierlech atmosphäresch Phenomener kéinten als Erklärung a Fro kommen. Technologesch an/oder militäresch Neientwécklungen (och aus dem Ausland) kéinten och e Grond fir déi net-identifizéiert Siichtunge vun “Phenomener” sinn a schlussendlech kéinten des Phenomener dem Pentagon no als 5. méiglechst Origine och eng „non-governmental entity“ (= Net-Regierungs-Entitéit) sinn. De Fait, dass trotz moderne Radar- a Satellittesystemer ëmmer nach Objeten um Himmel net identifizéiert kënne ginn, ass och e Problem mat sécherheetspolitescher Envergure. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Lëtzebuerger Regierung den amerikanesche Bericht gelies? (https://www.dni.gov/files/ODNI/documents/assessments/Prelimary-Assessment-UAP-20210625.pdf) Wat fir Konklusiounen zéien d’Ministeren aus dësem Text?

  2. Ginn och zu Lëtzebuerg “Unidentified Aerial Phenomena” observéiert, voir registréiert? Falls jo, a wéi engem Zäitraum? Wéi vill goufen der Säit den Opzeechnunge pro Joer gezielt? Wat fir e(ng) Ministär(en) sin zoustänneg fir d’Opzeechnungen a gëtt et eng offiziell Ulafstell, fir esou Phenomer ze notéieren an ze analyséieren – esou wéi a Frankräich z.B. de „Groupe d’étude et d’information sur les phénomènes aérospatiaux non-identifiés” (www.cnes-geipan.fr)?

  3. Huet oder wäert de Risiko vu Kollisiounen am Fluchverkeier wéinst “Unidentified Aerial Phenomena” en Afloss op d’Reglementatioune fir de lëtzebuergesche Fluchverkéier hunn?

  4. Huet de Rapport en Afloss op d’Reegelen fir Weltraumaktivitéiten an/oder op d’Uschafung vun Equipementer fir Weltraumaktivitéiten an déi Lëtzebuerg z. B. iwwert Satellitteprojeten involvéiert ass?

  5. Wéi bezeechent d’Regierung “Unidentified Aerial Phenomena” op Lëtzebuergesch, wëssend, dass den däitsche Begrëff vum “unbekannten Flugobjekt” méi restriktiv ass an esou z. B. Wiederphenomener net mat aschléisst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4808

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an