Oflaafdatumer vu Vaccinen

Den 22te November hat ech eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister gestallt (n°5271), fir gewuer ze ginn, wéi vill Impfstoff, deen no um Oflafsdatum ass, zu Lëtzebuerg nach am Stock ass. Trauregerweis hunn dunn iwwer 13.000 Dosen Enn November missten zerstéiert ginn. An de Wocheberichter vun der Santé zur Unzuel un Impfunge aus de vergaangene Wochen zeechent sech of, dass ëmmer manner Impfdosise verbraucht ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch eis d’Oflafdatumer grad ewéi déi verbleiwend Unzuel u Flaconen vun all deene verschiddenen Impfstoffer ginn, déi Lëtzebuerg am Moment op Stock huet?

  2. Hunn d’Santé an de Kooperatiounsministère mëttlerweil ee Plang opgestallt, wéi Lëtzebuerg noutfalls séier Impfstoff un aner Länner weider ka ginn, falls sech sollt ofzeechnen, dass net all Flacone virum Oflafdatum benotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5759

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt