Oflaafdatumer vu Vaccinen Nofro

Wéi den Artikel “Nachfrage für Impfungen rückläufig- Tausende Dosen landen im Müll” am Wort vum 5ten Abrëll bestätegt, sinn d’Impf-Statistike säit Enn Januar staark réckleefeg. An deem Kontext stellt sech da widderhuelt d’Fro, wat mat deenen Impfstoffer geschitt, déi sech hirem Oflafdatum rapprochéieren. Enn dës Mounts wäerten eng 4’700 Dosen Astra-Zeneca oflafen. Am Artikel heescht et, dass keng konkret Vereenbarunge bis elo mat aner Länner getraff gi wieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir konkret Aktiounen hunn de Gesondheets- a Kooperatiounsministère säit dem Oflafe vun den 13’000 Astra-Zeneca Dosen am Dezember 2021 ënnerholl, fir Impfdosissen, déi sech hirem Oflafdatum zouginn, un aner Länner weider ze ginn?

  2. Gouf et konkret Diskussioune mat engem vun eise 7 Partnerlänner zu dësem Thema? Wa jo, mat wiem a wéini?

  3. Déi 4’700 Dosen Astra-Zeneca wäerte warscheinlech net méi kënne virun der Zerstéierung gerett ginn. Déi nächst Dose Johnson&Johnson lafen den éischte Juni 2022 of. Wéi eng konkret Pläng huet de Ministère bis elo opgestallt, fir dës Dose weider kënnen ze ginn, vue dass dovun auszegoen ass, dass dës net méi all opgebraucht wäerte ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6035

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023