Ofgelaafe Vaccinen – Nofro August 2023

An der Äntwert op d’Fro n°6873 huet d’Madamm Minister mir een Tableau zoukomme gelooss mat all den Oflaafdatumer vun de Vaccinen zu deem Moment. Dësen Tableau huet Informatiounen bis zum 31.07.2023 enthaalen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun de Flaconen, déi een am Tableau vun der Äntwert vum 19ten Oktober 2022 kann noliesen, sinn um Enn zerstéiert ginn? Respektiv un d’Hiersteller fir eng Zerstéierung zréck gi ginn?

  2. Kann d’Ministesch eis d’Oflafdatumer grad ewéi déi verbleiwend Unzuel u Flaconen vun all deene verschiddenen Impfstoffer ginn, déi Lëtzebuerg am Moment op Stock huet?

  3. Wéi vill Vaccinen huet d’Regierung bis elo missten insgesammt zerstéieren? Kann d’Regierung oplëschten ëm wéi vill Flaconen vu wéi engen Hiersteller et sech heibäi handelt?

  4. Wéi héisch war de Käschtepunkt bis elo insgesamt vun deenen zerstéierte Flaconen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8206

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit