Ofgelaafe Vaccinen – Nofro

Den 22te November 2021 hat ech eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister gestallt (n°5271), fir gewuer ze ginn, wéi vill Covid-19 Impfstoff, deen no um Oflafsdatum ass, zu Lëtzebuerg nach am Stock ass. Trauregerweis hunn dunn iwwer 13.000 Dosen Enn November missten zerstéiert ginn. Weider Dosen sinn nokomm. Aus der Äntwert op d’Fro Nummer 5704 kann een erausliesen, dass vill weider Vaccinen mëttlerweil hieren Oflaafdatum erreescht kéinnten hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

Kann d’Ministesch eis d’Oflafdatumer grad ewéi déi verbleiwend Unzuel u Flaconen vun all deene verschiddenen Impfstoffer ginn, déi Lëtzebuerg am Moment op Stock huet?

Wéi vill Vaccinen huet d’Regierung bis elo missten zerstéieren? Kann d’Regierung oplëschten ëm wéi vill Flaconen vu wéi engen Hiersteller et sech heibäi handelt?

Wéi héisch war de Käschtepunkt vun deenen zerstéierten Flaconen?

Huet d’Ministesch Informatiounen iwwert déi EU wäit Zerstéierung vun Covid-19 Vaccinen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6873

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen