Ofgeholze Beem zu Dikrech

Den 28ten Januar goufen zu Dikrech 2 Beem gefält, déi laut Aschätzung vum Ministère vum Februar 2020 schützenswäert waren an net dierften duerch déi Chantieren, déi hannert de Beem ugefaangen hunn, beschiedegt ginn. An enger zweeter Aschätzung huet de Ministère seng Meenung geännert, dëst, wëll eng weider Entrée zu de Chantiere misst geschaf ginn. Laut RTL erkläert den Ëmweltministère dës Ännerung e.a. doduerch, dass et sech ëm 2 Projete vun 2 verschidde Promoteure géing handelen. Eng Ausso, déi laut Recherche vum RTL net stëmmt, wëll et sech ëm eng eenzeg Immobilière handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet sech d’Meenung vum Ministère no der Autorisatioun vum Chantier geännert?

  2. Hat de Ministère sech mam zoustännege Promoteur a Verbindung gesat a probéiert eng Léisung ze fannen, bei der déi 4 Beem hätte kënne stoe bléiwen?

  3. Firwat gëtt déi zweet Entrée eréischt ee Joer nom Ufank vum Chantier néideg?

  4. Wéi aal schätzt de Ministère, dass dës Beem waren? Kann een opgrond vum Alter an der Aart soen, dass et sech hei ëm selten Beem gehandelt huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5894

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen