Office365 am Enseignement: Zougrëff op d’Nimm an d’Mailadresse vu ronn 116.000 Persounen

Den Educatiounsministère setzt d’Plattform Office365 (kuerz O365) vu Microsoft fir ronn 116.000 Persounen an (Stand 1. August 2019). Ënnert d’Benotzer fale souwuel Schülerinnen a Schüler ewéi och Enseignanten an aner Persounen, déi a Schoule schaffen. No eisen Informatiounen huet O365 en « Annuaire », deen och genee dës Funktionalitéit zur Verfügung stellt –  nämlech déi vun engem virtuellen Telefonsbuch fir all Notzer vun O365. An dësem Annuaire stinn allen Notzer folgend Informatiounen zur Verfügung: 

Vu Privatpersounen:
• Numm
• Virnumm
• Etablissement (Gemeng & Gebai am Fondamental)
• E-Mailadress
• Posten (Teacher, Pupil, Other)
• Eventuell eng Foto 

Vu Gruppen:
• Numm
• Memberen 

Bei Gruppen ass unzemierken, datt dëst och gëllt fir Gruppen, déi vum Benotzer als « Groupe privé » markéiert goufen. Esou sinn eisen Informatiounen no am Annuaire och Gruppe mat Nimm wéi « @Raoul’s Birthday » oder och « SF Drogenkultur » mat enger Lëscht vun hire Memberen ze fannen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Educatiounsminister dës Froe gestallt:

  • Wien huet alles Zougrëff op d’Funktioun vun dësem Annuaire?
  • Hunn déi Betraffen hiren informéierten Accord ginn, fir an dësem Annuaire opgefouert ze ginn? Wa jo, ënnert wéi enger Form? Wann nee, firwat net a wat ass d’legal Basis op déi d’Regierung sech stäipt, fir hei keen Accord ze froen?
  • Ginn an dësem Annuaire d’Date vu Mannerjäregen ugewisen?
  • Wat ass d’legal Basis vun dësem Späicheren, Traitéieren a Publizéiere vu privaten Donnéeën?
  • Ass de Minister der Meenung, datt d’Gesetz vum 18. Mäerz 2013 (Loi du 18 mars 2013 relative aux traitements de données à caractère personnel concernant les élèves) dës Datebank mat Recherche-Funktioun ofdeckt? 
  • Goufen d’Benotzer doriwwer informéiert, datt aner Benotzer och d’Membere vun engem « Groupe privé » kënne consultéieren?
  • Ass de Minister der Meenung, datt et am Annuaire ähnlech Restriktioune misst ginn wéi am Fichier élève? Also eng Recherche-Funktioun, déi sech limitéiert op déi Persounen, mat deenen een direkt ze dinn huet?
  • Gouf d’CNPD gefrot, fir en Avis iwwert d’Funktionalitéit vum Annuaire ofzeginn? Falls jo, wat ass hir Conclusioun?
  • Kënnen eenzel Notzer en « opt-out » aus dem Annuaire maachen? Falls nee, wéi ass dat kompatibel mam Dateschutzgesetz?
  • Kann d’Funktionalitéit vum Annuaire vum O365 desaktivéiert ginn, falls se inkompatibel mam Dateschutzgesetz sollt sinn?
  • Fënnt de Minister, dass den Notzen, dee vum Annuaire ausgeet, et rechtfäerdegt de Benotzer en Accès op eng komplett Lëscht vun iwwer 116.000 Persounen ze erméiglechen? Kann de Minister erklären, wouran den Notze vun dësem breeden Annuaire besteet?
  • Wéi vill Persounen hunn am Annuaire eng Foto hannerluecht? Hunn si dës Foto selwer eropgelueden oder ginn och Fotoen aus aanere Systemer automatesch importéiert? Goufen d’Persoune beim Upload vun hirer Foto doriwwer informéiert, wien des Foto alles wäert kenne gesinn, zu welchem Zweck d’Foto genotzt wäert ginn a wéi dës Daten allgemeng wäerten traitéiert ginn? Wa jo, wéi?

Fro n°1426

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter