Oferkannte Krankeschäiner beim Staat

Am Fall vun engem Krankeschäi ka bei de Mataarbechter:inne beim Staat den Kontrolldokter saiséiert ginn, deen eng Evaluatioun vum Gesondheetszoustand vun der betraffener Persoun ka maachen. Dëse kann dann d’Incapacité de travail bestätegen oder als net justifiéiert ugesinn. An deem Fall gëtt CGPO saiséiert fir d’Paie fir dës Zäit zréck ze froe respektiv zréck ze halen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt de Mataarbechter:inne vum Staat eng Decisioun vum Kontrolldokter matgedeelt?

  2. A wat fir engem Delai muss dës Decisioun de Betraffene matgedeelt ginn?

  3. Wat fir Méiglechkeeten huet een dee Moment, fir Recours géint dës Decisioun anzeleeën? Gëtt et hei Ënnerscheeder tëscht Salarié, Employé a Fonctionnaire de l’Etat? Wa jo, wéi eng?

  4. Huet den/déi Betraffen Accès op hir Dossiere vum Aarbechtsdokter?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8285

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt