Mindestbesteierungsofkommes OECD

2021 gouf um Niveau vun der OECD ee weltwäit Mindestbesteierungsofkommes decidéiert, wat eng Mindestbesteierung fir Konzerner vu 15% virgesäit a wat a ronn 140 Länner ab dësem Joer soll wierken. Zu Lëtzebuerg gouf dëst Ofkommes mam Gesetz vum 22ten Dezember 2023 ëmgesat.
Direkt no sengem Amtsuntrëtt huet den US-amerikanesche President eng honnerten Dekreeter ënnerschriwwen, dorënner, dass d’Mindestbesteierungsofkommes net an den USA wäert applizéiert ginn. Et sollen och Moossnamen duerchgefouert gi géint Länner, déi Steierreegelen aféieren, déi d’USA belaaschte kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Auswierkunge schätzt de Finanzminister huet dës Decisioun op Lëtzebuerg?

  2. Wäert de Finanzminister dëse Sujet um europäeschen Niveau mat sengen europäeschen Amtskolleegen uschwätzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1832

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen