Odysseus 2.0 – De laangwierege Wee fir an der Corona Kris un Hëllef ze kommen

Fir de Betriber wärend der Covid-19-Pandemie finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, huet d’Regierung de Fond de Relance et de Solidarité opgestallt an de Chômage partiel benotzt.

Fir vum Fong oder vum Chômage partiel profitéieren ze kënnen, mussen d’Betriber verschidde Formularen ausfëllen an op den Accord vun den zoustännege Verwaltunge waarden. Heibäi schéngt awer, eisen Informatiounen no, net alles reiwungslos ze verlafen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kruten all d’Betriber, déi de Chômage partiel fir de Mount Juli accordéiert kruten, d’Fiche de Décompte fir auszefëllen zréck geschéckt? Wann net, wéi vill Betriber sinn an esou engem Fall?

  2. Wat geschitt falls ee Betrib keng Fiche de Décompte nom Accord geschéckt krut an esou den Delai fir den Mount verpasst huet? Wat geschitt falls duerch ee Feeler an der Administratioun d’Delaien net kënnen agehale ginn?

  3. Wéi vill Léit goufen der ADEM zur Séit gestallt, fir dës Charge ze iwwerhuelen? Fënnt de Minister, dass genuch Humanressourcen do sinn, fir den Entreprisen ee gudde Service z’erméiglechen?

  4. An der parlamentarescher Fro n°249 vum 23te Januar 2019 hate mir deemools nogefrot wéi vill Uriff d’Ministèren entgéint huelen an wéi vill onbeäntwert bleiwen. Deemools hat de Minister geäntwert, datt bis zu 18% vun den Uriff net entgéint geholl goufen. Huet sech sech dës Zuel zanterdeem verbessert oder verschlechtert? Huet den Ministère konkret Mesuren geholl, fir des Zuelen ze verbesseren? Falls jo, wéi eng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2800

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat