Obligation de participation

Zu Lëtzebuerg ginn et laut STATEC 15 grouss Enquêten déi reegelméisseg duerchgefouert ginn, sech un d’Particulieren adresséieren an eng “obligation de participation” beinhalten. An den Aluedungen déi de Leit zougeschéckt ginn, gëtt sech an dësem Kontext op e Gesetz vum 10 Juli 2011 beruff an eng méiglech finanziell Sanktioun ugedeit.
Kuckt een sech d’Rapporte vun deenen Enquêten un, gesäit een dass den Taux de Participation trotzdeem fir keng Enquête bei 100% läit. Eisen Informatiounen no, ass bis elo och nach keng finanziell Sanktioun ausgeschwat gi fir déi betraffe Persounen déi net matgemaach hunn. An dësem Kontext stellen sech dann natierlech e puer Froen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Ministère eis Informatioun confirméieren a falls net, eis matdeelen, wéi vill Sanktiounen an dëse Fäll säit 2011 pro Joer ausgeschwat gi sinn? 

  2. Falls Sanktiounen ausgeschwat gi sinn, wéi héich sinn dës ausgefall? 

  3. Falls keng Sanktiounen ausgeschwat gi sinn, plangt de Ministère dëst Gesetz z’adaptéiere fir d’Leit anescht ze motivéieren an net méi Sanktiounen unzedeiten déi net applizéiert ginn ?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1901

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene