Null-Stonne-Kontrakter

Mengen Informatiounen no gëtt a mindestens enger Maison Relais am Land d’Praxis ugewannt, dass Remplaçanten zu sougenannten “Null-Stonne-Kontrakter” agestallt ginn. Dat Besonnescht bei dëse Kontrakter ass, dass d’Mindestbeschäftegungsdauer bei null Stonne läit. Sou muss den Employé just aktiv ginn, falls den Employeur e Besoin artikuléiert. Dat féiert dozou, dass dës d’Remplaçanten nëmmen op d’Stonn remuneréiert ginn. Falls si also am Krankeschäi sinn oder an Quarantän/Isolatioun mussen, gi si also net bezuelt an de Patron cotiséiert och net weider fir si.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Praxis vun den “Null-Stonne-Kontrakter” zu Lëtzebuerg vum Code du travail ofgedeckt?

  2. Ginn et “Null-Stonne-Kontrakter” am ëffentlechen Déngscht?

  3. Falls jo, wéi vill “Null-Stonne-Kontrakter” zielt den ëffentlechen Déngscht?

  4. Falls jo, fannen d’Ministeren et sozial gerecht d’Employéeë gläichzäiteg ze bannen, hinnen awer keng Garantie fir een feste Kontrakt an eng sozial Ofsécherung ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5700

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen