Null-Stonne-Kontrakter am kommunale Sektor

Mengen Informatiounen no gëtt a mindestens enger Maison Relais am Land d’Praxis ugewannt, dass Remplaçanten zu sougenannten “Null-Stonne-Kontrakter” agestallt ginn. Dat Besonnescht bei dëse Kontrakter ass, dass d’Mindestbeschäftegungsdauer bei null Stonne läit. Sou muss den Employé just aktiv ginn, falls den Employeur e Besoin artikuléiert. Dat féiert dozou, dass dës d’Remplaçanten nëmmen op d’Stonn remuneréiert ginn. Falls si also am Krankeschäi sinn oder an Quarantän/Isolatioun mussen, gi si also net bezuelt an de Patron cotiséiert och net weider fir si.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill esou “Null-Stonne-Kontrakter” ginn et am kommunale Sektor?

  2. Ass d’Ministesch der Meenung, dass de legale Kader hei misst adaptéiert ginn?

  3. Fënnt d’Ministesch et sozial gerecht d’Employéeë gläichzäiteg ze bannen, hinnen awer keng Garantie fir een feste Kontrakt an eng sozial Ofsécherung ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5699

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt