An d’Vakanz mam Nuetszuch? – Partie 3

Wéi Der Spiegel an engem Artikel vum 23te Juli 2021 beriicht, wäert d’Deutsche Bahn a Kooperatioun mat aneren europäeschen Eisebunnen ab Dezember nei europäesch Verbindunge fir Nuetszich ubidden. De Spriecher vun der Deutsche Bahn sot zu dëser Approche Folgendes:

“Wenn in Europa jeder ein bisschen Nachtzug macht, dann ist damit der Zukunft des Nachtzugs wenig gedient.”

A fréiere parlamentaresche Froen (n°900 & 1388) hat ech de Minister ëm d’Erëmaféiere vu Nuetszuch-Verbindungen zu Lëtzebuerg befrot. Op dës Froen hat de Minister mir allerdéngs kloer ze verstoe ginn, dass Lëtzebuerg wéineg Potenzial fir esou Zich hätt. Eng änlech Äntwert huet de Minister an der Äntwert op d’Fro n°3519 ginn.

–> Eis Froen un de Mobilitéitsminister:

  1. Kéint een d’Potenzial fir Nuetszich verbesseren, andeems d’lëtzebuergesch Regierung dës Form vu Reese méi géif promouvéieren an ënnerstëtzen?
  2. Gouf d’CFL vun aneren europäeschen Eisebunne kontaktéiert, fir un europäeschen Nuetsverbindungen deelzehuelen?
  3. Kéint d’Regierung sech virstellen d’Tickete fir Nuetszich ze subventionéieren, wann domadder Kuerzstreckeflich kéinten ersat ginn?

Fro Nummer 4748

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen