Nuetszich zu Lëtzebuerg

Wéi Der Spiegel an engem Artikel vum 23te Juli 2021 beriicht, wäert d’Deutsche Bahn a Kooperatioun mat aneren europäeschen Eisebunnen ab Dezember nei europäesch Verbindunge fir Nuetszich ubidden. De Spriecher vun der Deutsche Bahn sot zu dëser Approche Folgendes:
“”Wenn in Europa jeder ein bisschen Nachtzug macht, dann ist damit der Zukunft des Nachtzugs wenig gedient.””
A fréiere parlamentaresche Froen (n°900 & 1388) hat ech de Minister ëm d’Erëmaféiere vu Nuetszuch-Verbindungen zu Lëtzebuerg befrot. Op dës Froen hat de Minister mir allerdéngs kloer ze verstoe ginn, dass Lëtzebuerg wéineg Potenzial fir esou Zich hätt. Eng änlech Äntwert huet de Minister an der Äntwert op d’Fro n°3519 ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kéint een d’Potenzial fir Nuetszich verbesseren, andeems d’lëtzebuergesch Regierung dës Form vu Reese méi géif promouvéieren an ënnerstëtzen?

  2. Gouf d’CFL vun aneren europäeschen Eisebunne kontaktéiert, fir un europäeschen Nuetsverbindungen deelzehuelen?

  3. Kéint d’Regierung sech virstellen d’Tickete fir Nuetszich ze subventionéieren, wann domadder Kuerzstreckeflich kéinten ersat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4748

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll