Nuetsprimmen bei der Douane

A verschiddene Servicer vun der Douane, wéi zum Beispill um Flughafen, mussen d’Beamt:innen Schichte schaffen. Dozou gehéieren deementspriechend natierlech och Nuetsschichten dozou. An deene leschte Jore war et esou, dass d’Primme fir d’Nuetsschichten emol am Joer ausbezuelt goufen, dëst ëmmer Enn Abrëll oder Enn Mee. Eis gouf zougedroen, dass entretemps doriwwer geschwat géif ginn, fir dass d’Primmen an Zukunft all Mount mam Salaire sollen ausbezuelt ginn amplaz e Mol am Joer. Dëst ass besonnesch erstaunlech am Kontext dovun, dass d’Nuetsprimmen fir dat lescht Joer bis elo nach net ausbezuelt goufen, wat fir Onmutt bei ville Beamt:innen suergt, well et bei ville Beamt:innen ëm Montanten an Héicht vun e puer dausend Euro geet, déi vill vun hinne scho fest an hir Depensen ageplangt haten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat goufen d’Nuetsprimme bei der Douane nach net wéi soss üblech Enn Abrëll respektiv Enn Mee ausbezuelt?

  2. Wäerten d’Nuetsprimme mam Augustsalaire, deen Enn Juli ausbezuelt gëtt, ausbezuelt ginn?  • Wa nee, firwat net?  • Falls d’Nuetsprimme net Enn Juli ausbezuelt sollte ginn, fir wéini ass dëst virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2594

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt