Nues am Wand – Verschwierungstheoretiker ënnert den Enseignanten

An engem RTL Artikel vum 29.01.2021, maachen Journalisten op eng Grupp vun Enseignanten an Sympathisanten opmierksam déi sech ënnert der Form vun der Organisatioun “Nues am Wand” zesumme gedoen hunn, an déi maske-fräi Klassesäll fuerderen. Um Site vun der Organisatioun liest een Saachen ewéi, “Covid-19 féiert net zu enger Surmortalitéit” an dass Virussen am Allgemengen net gesondheetsschiedegend wieren : “Das Modell eines krank machenden Virus hat sich im Laufe der Medizingeschichte als nicht haltbar erwiesen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Déi éischt Beiträg um Blog vun der Organisatioun si vun Oktober 2019 (deemools nach iwwert aner Themen ewéi Covid).  Hat de Ministère scho virum RTL Artikel Kenntnis iwwert dës Organisatioun? Huet de Ministère Kenntnis doriwwer op Enseignanten déi uewe genannten Theorien un d’Kanner weiderginn?

  2. Wat fir Konsequenzen zitt de Ministère aus dëser Organisatioun? Hält de Minister dës fir eenzel Fäll oder fir eng eescht ze huelend Gruppéierung?

  3. Wei kann de Minister den Eltere garantéieren, dass an de Schoulen a Lycéeë just Fakten iwwert Covid-19 un d’Schüler vermëttelt ginn?

 

D’Fro gouf leider net als dringend ugeholl.

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3535

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt