NSO Skandal – Piraten fuerderen Ëmdenken

Am Juli gouf international bekannt, dass mat der Software vun der israelescher Firma NSO, déi och ee Sëtz zu Lëtzebuerg huet, Politiker an Aktivisten ofgelauschtert ginn. D’Piratendeputéiert Clement a Goergen haten doropshin eng Aktualitéitsstonn an der Chamber ugefrot, an där d’Justizministesch an de Bausseminister erkläert hunn, dass NSO seng Software net vu Lëtzebuerg aus verkafe géing. Lëtzebuerg ass awer och am Besëtz vun esou Softwaren, wéi de Premier an engem Interview zouginn huet. Ufank November gouf da bekannt, dass d’USA d’NSO-Grupp op hier schwaarz Lëscht gesat hunn, well NSO wier “engaging in activities that are contrary to the national security or foreign policy interests of the United States”.

Och hei hunn d’Ministeren all Responsabilitéit an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vu sech gewisen a gesot Lëtzebuerg wier hei net betraff. D’Piraten si schockéiert driwwer, dass d’Regierung Spionagesoftware akaaft huet an asetzt. D’Pirate fannen et och inakzeptabel, dass d’Regierung sech absolut net bewosst ze si schéngt, wat dat fir eisen Image als Land bedeit, wa mir als Land eis net kloer géint esou Firme stellen. Mir fuerderen hei séier Verbesserungen a Punkto Kontrollmechanismen, ier den nächsten internationale Skandal bekannt gëtt, an deem Lëtzebuerg dann erëm eng traureg Haaptroll spillt.

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen