Ëmsetzung vum Naturschutzgesetz

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier iwwert déi nächst Joerhonnerte nohalteg méiglech mécht. Allerdings ass net all Reegel am Naturschutzgesetz ëmmer sënnvoll oder gëtt sënnvoll ëmgesat. Zënter der Reform vum Gesetz 2018 ass et zu ville Situatioune komm, wou Leit blockéiert ginn a gläichzäiteg der Ëmwelt net gedéngt ass. An de vergangenge Joren gouf der Ëmweltverwaltung bei verschiddenen Decisiounen eng ze streng a restriktiv Ausleeung vum Gesetz virgeworf, grad bei de Prozeduren, déi d’Neibauten oder d’Renovéierung vu bestoende Gebaier a Gréngzonen betreffen (Artikel 6 a 7 vum Gesetz). Heizou gouf déi deemolëg Deputéiert an haiteg Landwirtschaftsministerin am Lëtzebuerger Wort wéi folgt zitéiert: “Ich bin skeptisch, vor allem was Artikel 7.1 des Gesetzes betrifft. Dieser legt bekanntlich fest, dass das Ministerium beurteilen kann, ob ein Gebäude in die Landschaft passt oder nicht. Eine sehr vage Formulierung. Und eigentlich müsste der Artikel ganz gestrichen werden.“ An engem konkrete Fall an der Natura2000 Zon “Vallée de la Mamer et de l’Eisch” krut ee Landwirt de Bau vun engem klengen Ënnerdaach fir de Stockage vun Holz op engem scho mobiliséierten Terrain gestoppt, wärend aner Bauten, déi net wäit ewech leien a vum Ëmfang an Impakt op d’Ëmwelt hir gläichwäerteg oder souguer méi grouss sinn, hunn dierfte gebaut ginn. D’Kohärenz vun den Decisiounen ass hei net ersiichtlech.  „Effektiver Naturschutz kann nur gelingen, wenn er mit den Bürgern gemacht wird, und nicht gegen die Bürger. “ So lautet die Devise der Co-Fraktionspräsidenten der CSV, Martine Hansen und Gilles Roth.” (CSV, 2021)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir een Neibau oder eng Renovatioun, baséierend op den Artikele 6 a 7 vum Naturschutzgesetz, goufen zënter 2018 an der Vallée de la Mamer et de l’Eisch ugefrot?

  2. Wei vill vun dësen Demandë goufen accordéiert a wéi vill goufe refuséiert?

  3. Leien fir all déi Dossieren Impaktstudien vir? Falls jo, kann de Minister dës Etüden virleeën?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2083

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de