Nominatioun vun der Madamm Wickler

An engem Artikel vu reporter.lu vum 12te September geet et ëm d’Madamm Wickler, déi wärend der Coronapandemie duerch d’Verbreede vu Verschwierungstheorien opgefall war an 2021 vun der Regierung an de Verwaltungsrot vu Cargolux genannt gouf, mat der Begrënnung, dass d’Madamm Wickler eng “dynamesch Geschäftsfra” wier mat enger „wirtschaftlecher Erfarung, déi extrem grouss ass“. Wéi reporter.lu beriicht, steet d’Madamm opgrond vu angeeblech suspekte Geschäftspraktike viru Gericht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wosst de Minister Bausch zum Zäitpunkt vun der Nominatioun vun der Madamm Wickler fir de Poste bei der Cargolux vun deem Geriichtsprozess?

  2. Wann net, firwat gouf keng Due Diligence virun der Nominatioun gemaach?

  3. En vue vun dësen Informatiounen, hält de Minister un senger deemoleger Evaluatioun vun der Madamm Wickler fest?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6829

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt