Nohalteg wirtschaftlech Entwécklung

Context:Nohaltegkeet a wirtschaftlech Entwécklung

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Regierung sech mam Koalitiounsaccord vun 2018 d’Zil gesat huet, eng Politik ze maachen, déi “à la pointe des défis écologiques” soll sinn an en “développement économique dynamique et durable” promouvéiere soll.
  • dass vis-a-vis vun enger ganzer Rei grousse Wirtschaftsprojeten zu Lëtzebuerg an de vergaangene Méint a Jore kritesch Stëmme Bedenken iwwert de Ressourcëverbrauch an d’Nohaltegkeet geäussert hunn.
  • dass d’Wirtschaftspolitik sech zu Lëtzebuerg méi ob eng nohalteg Ekonomie a manner ob industrielle Wuesstem konzentréiere muss, wann de wirtschaftlechen Erfolleg vun haut net d’Klima- an Ëmweltschied vu muer solle sinn.
  • dass et fir Entrepreneuren an Investisseure wichteg ass, duerch kloer Krittären eng méiglechst héich Planungssécherheet gebueden ze kréien.
  • dass et an enger Demokratie wichteg ass d’Zivilgesellschaft frei iwwert grouss nei Wirtschaftsprojeten ze informéieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. e kloren an ambitéisen Krittärekatalog opzestelle mat Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fossille Brennstoffer.
  2. festzeleeën, dass all Entreprise, déi sech zu Lëtzebuerg nidderloosse wëll, beim Ministère eng ëffentlech zougänglech Nohaltegkeetscharta areeche muss, aus der ervir geet, wéi déi staatlech Grenzwerter agehale kenne ginn a wéi d’Firma envisagéiert, hier wirtschaftlech Aktivitéit nohalteg ze gestalten.

D’Motioun huet an der Chamber keng Majoritéit fonnt.

Dës Motioun gouf am Mäerz 2023 eng weider Kéier an der Chamber deposéiert, och hei gouf se erëm ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen