Nofro zur Pistenerneierung um Findel

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°2561 huet de Minister geäntwert, datt keng Méiglechkeet bestanen hätt, fir d’Piste um Findel wärend dem Confinement z’erneieren. De Minister erkläert och, datt um urspréngleche Planning festgehale géif ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf de Ministère, d’Stroossebauverwaltung oder Luxairport wärend dem “Shutdown” approchéiert fir d’Pistenerneierung méi séier ofzeschléissen?

  2. Falls jo, wéi e Präisënnerscheed hätt dës Offer par Rapport zum viraussiichtleche Käschtepunkt vum Marché publique mat sech bruecht?

  3. An der ëffentlecher Ausschreiwung fir d’Pistenerneierung gouf eng Gewiichtung vun nëmmen 40% op de Präis festgeluecht. Ass de Minister der Meenung, datt grad elo, an Zäite vu knappe Steierrecetten, ee Projet vu ronn 150 Milliounen Budget ee responsabelen Ëmgang mat Steiergelder duerstellt a wär et net besser déi bëllegsten Offer an deem Fall méi héich ze wäerten? 

  4. Firwat gouf d’ëffentlech Ausschreiwung duerch d’Société de l’Aéroport de Luxembourg S.A. an net duerch Stroossebauverwaltung duerchgefouert, obwuel d’Stroossebauverwaltung jo fir de Kont vum Staat fir “construction et entretien de certaines infrastructures de l’aéroport de Luxembourg” verantwortlech ass?

  5. Firwat gouf d’Ausschreiwung (RFQ) net an enger vun de lëtzebuergeschen Amtssprooche verfaasst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2770

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat