Nofro zum HORECA Secteur an Failliten

Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mëttelstand & Wirtschaft weiderzeleeden.
Wéi ee konkreten Impakt dës Kris awer wäert op de Secteur hunn, kann een zum aktuellen Zäitpunkt nach net kloer soen.
-
Zeechent sech den Impakt vun dëser Kris op den HORECA-Secteur mëttlerweil méi däitlech of?
- Falls jo, kënnt dir eis matdeelen, wéi d’Regierung den Impakt op dëse Secteur aschätzt?
- Falls nee, wat sinn déi verschidde Krittären, déi benotzt ginn, fir d’Situatioun am HORECA-Secteur ze evaluéieren, a firwat ginn et aktuell nach keng Resultater?
-
Wéi vill Betriber aus dem HORECA-Secteur hu Chômage partiel fir de Mount Dezember ugefrot?
Wéi vill Faillitte sinn aus dësem Secteur am Dezember 2020 gemellt ginn? -
Wéi vill Firmen hunn zënter dem August 2020 eng Faillite deklaréiert a bei wéi ville Firme gouf zënter dem Ufank vun der Pandemie eng Faillite vum zoustännege Geriicht ausgesprach?
Wéi hunn dës Zuele fir 2019 ausgesinn? -
Wann een d’Zuele vun de gemellte Faillite am Zäitraum vun August bis Dezember 2020 mat dem selwechten Zäitraum am Joer 2019 vergläicht, wéi eng Secteure waren am meeschte betraff?
-
Wéi vill nei Societéite goufe säit August 2020 gegrënnt?
A wéi enge Secteure goufen dës Firme gegrënnt?
0 Comments