Nofro Subside de Qualité+

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro n°8152).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng kleng Upassunge goufen um Programm geholl, wëssend datt am Reglement grand-ducal vum 23. Dezember 2016 keng Ännerunge gemaach goufen an datt d’Demanden all Joer gläichzäiteg sollen agereecht ginn, an dat net méi spéit wéi den Termin vum 30. September?

  2. An der Äntwert op d’Fro, wou den Delai vum 1te Januar festgehalen ass, huet de Minister gesot:
    “An Zesummenaarbecht mat der ENEPS, hu mir dofir den Datum vum 1. Januar 2024 an der Circulaire fixéiert, fir ze garantéieren dat d’Veräiner d’Homologatioun den 1. Mäerz hunn.”
    Ass de Minister net der Meenung, dass dat eng insecurité juridique kéint duerstellen?
    Op wéi enger reglementarescher Basis ginn “verspéiten” Ufroen an deem Sënn refuséiert?
    Huet de Minister wëlles den Datum vum 1te Januar an dem Reglement festzehalen?

  3. De Minister huet a sengen Äntwerten och erkläert, dass d’ENEPS mat villen Ufroe konfrontéiert ass. Wat fir Schrëtt wäerten an Zukunft geholl ginn, fir sécher ze stellen, dass d’ENEPS all d’Ufroe bis den 1ten Mäerz traitéiert huet?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass de Reglement vun 2016 an de Règlement vum 1te Juli 2021 koherent sinn?

  5. Stëmmt et, datt zënter kuerzem Traineren, déi zum Beispill am Volleyball een EQ5-Klassement hunn, och automatesch d’Konditioune fir en EQ5-Klassement an engem Fussballveräin erfëllen? Ass dëst am Aklang mam Reglement iwwert d’Formatioun an d’Weiderbildung vun den techneschen an administrative Responsabele vun de Sportsveräiner?

  6. An hirem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung folgendermoosse geäussert :
    “Le relèvement de la qualité de l’encadrement à travers l’octroi du subside « Qualité+ » s’opérera en cohérence avec les nouveaux règlements grand-ducaux sur la structuration des formations des entraîneurs dans l’intérêt des fédérations et sociétés sportives.”
    Wat ass an deem Sënn konkret un de groussherzogleche Reglementer gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8349

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt