Nofro – Placéierung vu Persounen mat mentale Problemer

A menger parlamentarescher Fro n°4931 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwer d’Internéierung vu Patiente mat mentale Gesondheetsproblemer gefrot.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Ministeren äntweren, dass de Gesondheetsministère d’Donnéeën iwwert d’Flux’en an d’Unzuel vu placéierte Patienten net zentraliséiert.
    Bewäert de Gesondheetsministère et als oninteressant, ee Suivi vum Zoustand vun de mentale Gesondheetsproblemer hei am Land ze maachen?
    Wéi wëll de Ministère notamment kontrolléieren, ob d’Offer an d’Qualitéit vun der psychiatrescher Betreiung ausreechend ass, wa keng Analysen un Hand vu bestoenden Donnéeë gemaach gëtt?

  2. Op meng Fro zu der Publikatioun vun den triennale Rapporten, déi d’Gesondheetsministesch der Chamber muss virleeën, äntwert d’Ministesch, dass si kee Problem gesäit, dës um Site vum Gesondheetsministère ze publizéieren. Wéini gedenkt de Ministère domadder unzefänken, wëssend, dass d’Gesetz zënter 2009 a Kraaft ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5371

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt