Nofro PAN LGBTIQ

An der Fro 860 hunn ech der Ministesch eng Rei Froen iwwert d’Tëschenevaluatioun vum Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ gestallt. Leider huet d’Ministesch op véier vu fënnef Froen net geäntwert, esou dass ech mir erlaben, dës Froen nach emol ze stellen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus der Tëschenevaluatioun geet ervir, dass entscheed gouf, dass 10 Mesuren aus dem PAN LGBTIQ net méi ëmgesat wäerte ginn: “Nicht mehr geplant sind Umsetzungen der folgenden zehn Maßnahmen: K2M1, K2M5, K3M2, K3M9, K7M4, K7M7, K8M3, K8M4, K8M9, K8M10”. • Ass et richteg, dass bei der Evaluatioun festgehale gouf, dass d’Mesure “Explorer des modèles alternatifs de soins médicaux pour les personnes transgenres, fondés sur un consentement libre et éclairé” (K7M4) net méi ëmgesat soll ginn? Firwat gouf bei der Datenerhiewung fir d’Evaluatioun entscheet, dass dës Mesure net méi ëmgesat wäert ginn? • Ass et richteg, dass bei der Evaluatioun festgehale gouf, dass d’Mesure “Réviser les classifcations nationales afin de garantir que les personnes transgenres ne soient pas considées comme des malades mentaux” (K7M7) net méi ëmgesat soll ginn?  Firwat gouf bei der Datenerhiewung fir d’Evaluatioun entscheet, dass dës Mesure net méi ëmgesat wäert ginn? • Ass et richteg, dass bei der Evaluatioun festgehale gouf, dass d’Mesure “Instaurer un monitoring des interventions médicales à l’égard des personnes intersexes mineures, y inclus les traitements à l’étranger” (K8M3) net méi ëmgesat soll ginn? Firwat gouf bei der Datenerhiewung fir d’Evaluatioun entscheet, dass dës Mesure net méi ëmgesat wäert ginn? • Ass et richteg, dass bei der Evaluatioun festgehale gouf, dass d’Mesure “Réviser les classifcations nationales qui confèrent un caractère pathologique aux variations des caractéristiques sexées” (K8M10) net méi soll ëmgesat ginn Firwat gouf bei der Datenerhiewung fir d’Evaluatioun entscheet, dass dës Mesure net méi ëmgesat wäert ginn? • Firwat gouf bei der Evaluatioun och gesot, dass d’Mesuren K2M1, K2M5, K3M2, K3M9, K8M4 a K8M9 net méi ëmgesat wäerte ginn?

  2. Am Tëschebilan steet: “Die Entwicklung des Instruments und seiner Items fand in enger Zusammenarbeit mit dem Ministerium für Familie, Integration und die Großregion statt. Hierzu kam es zwischen Juli und September 2022 zu mehreren Treffen und einem intensivem E-Mailaustausch, in denen Inhalt, Formulierung und Aufbau der Fragen gemeinsam mit der Arbeitsgruppe der Universität Luxemburg besprochen wurden.” Ass d’Ministesch der Meenung, dass et der Ufuerderung vun engem externe Bilan gerecht gëtt, wann déi Ministèren, deenen hier Aarbecht soll evaluéiert ginn, um Ausschaffe vum Instrumentarium vum Bilan bedeelegt sinn?

  3. Als Indicateur fir ze evaluéieren, ob a wéi eng Mesure ëmgesat ginn ass, gouf déi eegen Aschätzung vun den zoustännege Ministèren am Tëschebilan genotzt. Ass d’Ministesch der Meenung, dass dës Method eng objektiv Bewäertung vun der Aarbecht vun de Ministèren erlaabt?

  4. An der Tëschenevaluatioun ginn eng Rei Moossnamen an tabellarescher Iwwersiicht duergestallt. Opfälleg ass heibäi, dass just déi Mesuren, déi ganz oder zum Deel ëmgesat goufen, an den Tabellen optrieden, wärend Moossnamen, déi nach net ëmgesat goufen, just am Fließtext ernimmt ginn. Ass d’Ministesch der Meenung, dass dës Aart a Wéis vun der Duerstellung vun de Resultater et de Lieser:innen erlaabt, Informatiounen iwwer ëmgesaten an nach net ëmgesate Mesure gläichermoosse gutt ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1018

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene