Schonn am Februar 2024 hunn d’Piraten mat der Fro n°256 op méiglech kriminell Aktivitéite vun Euro Parking Collection (EPC) opmierksam gemaach. D’Firma Euro Parking Collection sicht sech scheinbar ëmmer nei Beamten an EU-Staaten, déi Accès zum Eucaris-System hunn, an déi hinnen dann Adress a Numm vun deene Leit iwwermëttelen, déi a London gefuer sinn, mee keng Geneemegung fir d’Low Emission Zones haten. Dëst, fir de Leit Protokoller an héischt vun dausenden Euro Heem ze schécken. Huissieren an der Belsch hätten dëst Geld och schonn agedriwwen. Euro Parking huet säit dem Brexit awer kee Recht fir dës Donnéeën ze kréie. Een italieeneschen an ee belsche Beamten si scho suspendéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
“”Well dëse Courrier onbeäntwert bliwwen ass, ass Enn Oktober 2023 en zweete Courrier un den italieeneschen Transportminister adresséiert ginn, deen awer bis elo nach net op ons zeréck komm ass.””
Koum mëttlerweil eng Äntwert vun den italieeneschen Autoritéiten?
-
Wéi d’Luxemburg Times an engem Artikel vum 31te Mee schreift, reklaméiert Transport for London iwwer 380.000€ u Protokoller vu Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade zu London. Wéi wäert den Ausseministère op dës Revendicatioune vun Transport for London an d’Drohung, fir dëst Geld viru Gericht anzekloen, reagéieren?
-
Laut enger Fro vun der deemoleger Conseillière Caroline Pidgeon an der deementspriechender Äntwert vun der Stad London, wiere Lëtzebuerger Residenten EPC iwwer 990.000€ Pond schëlleg (https://www.london.gov.uk/who-we-are/what-london-assembly-does/questions-mayor/find-an-answer/european-parking-collections-epc-fines-2 ).
1. Wéi positionéiert d’Regierung sech heizou, wëssend datt iwwer 3.700 Leit betraff sinn (https://www.london.gov.uk/who-we-are/what-london-assembly-does/questions-mayor/find-an-answer/european-parking-collections-epc-fines-1 )?
2. Wäert si d’Bierger driwwer opklären, datt d’EPC an Transport for London kee Recht hu, fir hinnen dës Protokoller heem ze schécken, well se wéi d’Minister selwer an der Äntwert op d’Fro n°256 sot, kee Recht hu fir un d’Donnéeë vun den EU-Bierger ze kommen? Wa jo, wéi? Wa nee, firwat net?
QP Nummer 846