92 Deeg virun der Deadline vum 31. Oktober 2019, op där d’vereenegt Kinnekräich d’EU verloosse soll, huet déi britesch Regierung ënnert dem Boris Johnson annoncéiert, datt si 2,1 Milliarde Pond, bzw. ronn 2,3 Milliarden Euro, an d’Preparatioune vun engem den No-Deal-Zeenario investéiere wëll.Virun allem de lëtzebuergesche Finanzsecteur, mee och de Logistikberäich zu Land, Séi a Loft an och nach eng ganz Rei aner Beräicher vun der lëtzebuergescher Ekonomie stinn diversen Onsécherheeten a Risike géigeniwwer, déi mam Brexit verbonne sinn – an dëst ëm sou méi am Fall vun engem No-Deal.
D’britesch Regierung plangt am Besonneschen, Medikamenter ze stockéieren, Subside fir kleng a mëttelstänneg Betriber anzeféieren an d’Personal fir Grenzkontrollen opzestocken.
An deem Zesummenhang hunn d’PIRATEN de Ministeren fir Aussenugeleeënheeten an Europa, Finanzen & Mobilitéit folgend Froen an enger parlamentarescher Fro gestallt:
- En vue vun den neisten Annonce vun der Johnson-Regierung, wéi héich schätzt eis Regierung d’Wahrscheinlechkeet vun engem No-Deal-Brexit an?
- Wéi vill zousätzlech EU-Gelder gi mobiliséiert, fir d’Memberlänner op en No-Deal-Brexit virzebereeden?
- Plangt d’Regierung op Basis vun de rezenten Entwécklungen, weider Moossnamen en vue vun engem potenziellen No-Deal-Brexit ze ënnerhuelen?
• Wa jo, wéi eng ?
• Wann nee, ass d’Regierung der Meenung, datt den Impakt vun engem No-Deal-Brexit duerch scho getraffe Moossname maitriséiert wäert ginn? - Wéi wier déi aktuell Positioun vun der lëtzebuergescher Regierung, am Fall wou London eng weider Verlängerung vum Délais bis zum Austrëtt ufroe géif?
- Um Fluchhafe si fir « non-Schengen »-Flich och automatesch Gates virgesinn. Ech (Sven Clement) hu selwer erlieft, datt dës net ëmmer fonctionnéieren, well net op all Schicht genuch Douanieren agesat ginn, fir all d’Guicheten ze besetzen.
Kann de Minister bestätegen, datt et um Fluchhafen zu Situatioune kënnt, an deenen d’automatesch Passkontrollen net operativ sinn, wéinst engem Mangel u Personal?
Ass geplangt am Fall vun engem No-Deal-Brexit, ab dem 1. November verstäerkt Douanieren um Findel anzesetzen?
Mat wéi vill zousätzlecher Zäit ass pro Passagéier ze rechnen:
« Outbound » also a Richtung UK?
« Inbound » also vun den Insele kommend? - Kéinten déi rezent Liwwerschwieregkeete vu verschiddene Medikamenter sech duerch en No-Deal-Brexit verschlëmmeren?
• Wa jo, wéi eng Moossname plangt d’Regierung anzeleeden (oder goufe schonn ageleet), fir en negativen Impakt op d’medezinesch Versuergung fir Patienten zu Lëtzebuerg ze verhënneren? - Wéi vill Geld steet national zur Verfügung, fir Betriber, déi vum Brexit betraff wäerte sinn, ze ënnerstëtzen, déi schwiereg Zäit ze meeschteren?