Newsletter November 2022

Ahoi !

Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Partei

Ahoi  ! 

den 1ten Dezember 2022 huet de Bezierk Osten um 18h30 am Hôtel-Restaurant de l’Ecluse säi Bezierkskongress ofgehalen. 

Um Kongress goufen folgend Persounen an de Comité gewielt:

https://piraten.lu/kongress-bezierk-osten/

De Sonnden, de 27ten November 2022, huet de Bezierk Süden säi Bezierkskongress am Veräinshaus Um Widdem zu Kayl.

De Kongress huet folgend Persounen an de Comité gewielt:

https://piraten.lu/bk-suden-2022/

D’Piratepartei huet den 8te November 2022 um 19h00 zu Réiden an der Salle AULA (Rue d’Ospern L-8508 Redange/Attert) de Bezierkskongress vum Norden ofgehalen. Folgend Persounen goufen vum Kongress gewielt a bilden de Nord-Comité: https://piraten.lu/norden-2022/

Aarbecht:

An der Äntwert op eng virrecht parlamentaresch Fro huet den Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE, SP oder CRE) kee Recht op Congé pour raisons familiales hunn. Dëst wëll den Aarbechter, ausser an enger Mesure spéciale, keen “Salarié” wier. An der Äntwert vum Minister gëtt och gesot, dass fir déi Aarbechter kee Recht op d’Congés extraordinaires gëllt. Dat géing bedeiten, dass dës Persoune kee Recht op zousätzlech Congésdeeg hätte wann ee Familljemember stierft. Mir fannen dat skandaléis an hunn nogefrot, ob d’Regierung hei net wëlles huet anzelénken, dass eng Persoun déi een Familjemember muss versuergen oder en stierft net brauch schaffe ze goen. https://piraten.lu/rechter-vun-de-leit-an-aarbechtsmesure-vun-der-adem/

Den aktuelle Mangel u medezineschem Personal an de Spideeler zitt sech vun den Doktere bis hin zu den Infirmieren an Infirmièren. Eis gouf zougedroen, dass vill Infirmieren an Infirmière speziell Formatioune maachen, fir sech op bestëmmte medezinesch Felder ze spezialiséieren. Dacks wär et dann awer esou, dass si herno net an deene Beräicher schaffen, an deenen si dës speziell Formatioune gemaach hunn. An och bei Persoune mam Statut vum Travailleur handicapé sollen et grouss Problemer ginn, zum Beispill, dass si keng Plaz an hirem Beruff fannen. Dofir hu mir nogefrot: https://piraten.lu/spezialisatioun-vun-infirmieren-an-infirmieren/

Aussepolitik:

Am November war an der Chamber den Débat zur aussepolitescher Situatioun. Och mir Piraten hunn Stellung geholl: https://www.chd.lu/fr/seance/2800?startTime=03:54:45 Theme waren ënnert anerem d’Situatioun an der Ukrain, Situatioun vun de Flüchtlingen hei am Land, de Klimawandel, Chatcontrol a China.

Nieft der Situatioun an der Welt gouf och iwwert eis Kooperatiouns- an Entwécklungshëllef an der Chamber geschwat. Mir Pirate sinn dofir, dass Lëtzebuerg säi Konw-How weidergëtt mee eis Hëllef dierf net vu wirtschaftlechen Interessen ofhänken. Dofir hale mir eng Kooperatioun am Ruanda falsch. Och kënn een nëmme bedaueren, dass d’Horte vum Impfstoffer géint Covid-19 dozou féiert, dass vill Leit op der Welt keng Accès dozou hunn a mir es ewechgeheien. https://www.chd.lu/fr/seance/2802?startTime=03:06:25

Zur COP27 hate mir Piraten dann eng Aktualitéitsstonn ugefrot, fir iwwert déi enttäuschend Resultater ze schwätzen. Mir fannen dass Lëtzebuerg hei net sollt op aner Länner waarden, och mir kënnen eisen Deel leeschten. COP soll och reforméiert ginn: https://www.chd.lu/fr/seance/2806?startTime=01:53:44

D’E-Ambassade zu Biissen vu Monaco war och Thema an der Chamber dëse Mount:

https://www.chd.lu/fr/seance/2800?startTime=05:11:51

Bildung a Fuerschung:

Mir wollte méi zu verschiddene Modalitéiten am Apprentissage pour adulte wëssen. Am selwechten Themeberäich hunn mir dann och Froen zu dem Personal vun der Ecole nationale pour adultes gestallt, well och hei sollen et eng Rei Problemer ginn. https://piraten.lu/apprentissage-adulte/

https://piraten.lu/personal-an-der-ecole-nationale-pour-adultes-enad/

Dann hunn mir och verschidde Froen zu de gratis Schoulbicher gestallt a wollten do ënnert anerem wëssen, wéi vill Leit vun der Offer profitéiert hunn oder wat déi gratis Schoulbicher de Staat kascht hunn. https://piraten.lu/gratis-schoulbicher/

Iwwert Fro.lu krute mir Froen eran, wat fir Hëllefen et fir Kanner mat ADHS ginn. https://piraten.lu/fro-lu-hellefe-fir-kanner-mat-adhs/

Des Weideren hunn mir eng Question parlementaire zu Fäll vun Tuberkulos an de Schoule gestallt a wéi domat an de Schoulen a vu Säite vum Ministère ëmgaange gëtt. https://piraten.lu/tuberkulosfall-an-der-schoul/

Déiereschutz

Mir goufen an engem Post op de soziale Meiden gewuer, dass d’Flüchtlingen hir Hausdéieren alt nees net méi dierfen an d’Foyeren mathuelen a wollte vum Minister Erklärungen dozou : https://piraten.lu/verbuet-vun-hausdeieren-a-fluchtlingsheemer/

Digitalisatioun:

Mir wollte wëssen, wéi aktuell d’Donnéeë vum RNPP (nationale Persouneregister) sinn, déi op data.public.lu publizéiert goufen a wéi dacks dës aktualiséiert ginn. https://piraten.lu/donneee-vum-nationale-persouneregister/

Dann hunn mir eis och mat der Insolvenz vu FTX, enger Kryptobörse, beschäftegt a wollten ënnert anerem wëssen, ob et och Lien op Lëtzebuerg ginn an op och d’Verméige vu Lëtzebuerger Residente betraff ass.

https://piraten.lu/insolvenz-vun-ftx/

Effentlechen Déngscht:

An der Ecole nationale pour adultes (ENAD) schaffen ënnert anerem Proffen (professeurs, fonctionnaires) a Formateurs d‘adultes (fonctionnaires). Am Géigesaz zu anere Lycée’en, ginn et an der ENAD am Kader vun der Berechnung vun der Tâche eng Partie Ënnerscheeder. Dat selwecht gëllt fir d’Ënnerscheeder tëscht de Proffen an de Formateurs d’adultes, déi alle béid de Statut vum Fonctionnaire hunn. Mir hunn eis zu dësemm Thema informéiert: https://piraten.lu/personal-an-der-ecole-nationale-pour-adultes-enad/

Famill:

Wéi en aus de Medie matkrut huet, leit Lëtzebuerg aktuell ënnert enger Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Kannerklinik ass momentan quasi voll, eng Krisenzell gouf agesat an et kënnt och zu sougenannten Deprogrammatiounen, bei deenen net urgent pediatresch Chirurgie-Interventioune verréckelt ginn. Mir wollten dowéinst wëssen, wéi sech d’Zuel vun de Pediateren an de Pediatriesbetter an deene leschten 20 Joer entwéckelt huet a wéi vill Pediateren hei zu Lëtzebuerg op 1000 Awunner kommen. 

https://piraten.lu/pediatrien-zu-letzebuerg/

Am Kontext vun der Bronchiolite-Epidemie hunn mir dann och nogefrot, ob betraffe Kanner och op aner Statioune verluecht ginn, well d’Pediatrie iwwerlaascht sinn a wat kuerzfristeg gemaach gëtt, fir d’Zuel vun de Better ze erhéijen.

https://piraten.lu/epidemie-vu-bronchiolite-fall-an-der-kannerklinik/

Ënnert der aktueller Regierung gouf de Museksunterrecht gratis fir jiddweree gemaach. Mir wollte wëssen, wéi vill Schüler an deene leschte 5 Joer mam Solfège oder engem Instrumentencours ugefaangen hunn a wéi vill vun dëse Schüler d’Course mëttlerweil rëm ofgebrach hunn.

https://piraten.lu/ofbrech-vun-de-schuler-an-de-museksschoulen/

Finanzen: 

Am November gouf bekannt, dass d’Kryptobörse FTX Insolvenz ugemellt huet. D’Verméige vu FTX ass agefruer an Ermëttler ginn elo de Grënn vun der Insolvenz an dem méigleche Verschwanne vun Honnerte Millioune vu Kryptowärungen no. Huet FTX Verbindungen zu Lëtzebuerg? Huet d’Ministesch Kenntnis, dass d’Verméige vu Lëtzebuerger Residente vun dëser Insolvenz betraff sinn? https://piraten.lu/insolvenz-vun-ftx/

Wat bezuelen d’Fongen réel un Taxe d’abonnement:

https://piraten.lu/den-reellen-taux-vun-der-taxe-dabonnement/

Gläichberechtegung an Gender:

Am Kader vun der Orange Week hunn mir eis solidariséiert an e Post zu dem Thema lancéiert. Gläichzäiteg hunn mir eis mat den Demonstranten am Iran solidariséiert, déi zënter Wochen op d’Strooss ginn, fir fir méi Rechter a Fräiheeten ze kämpfen.

https://piraten.lu/orange-week-2022/

Innepolitik & Gemengen:

D’Zäiten sinn haart an ëmmer méi Leit kommen net méi iwwert de Mount. D’Offices sociaux kréien ëmmer méi Zoulaf, mee kréien d’Leit och ëmmer gehollëf ? https://piraten.lu/hellefe-vun-den-office-sociaux/

Integratioun:

D’Office sociaux si wichteg a Krisenzäiten well d’Leit bei hinnen kënne Hëllefe kréie fir zum Beispill Rechnungen ze bezuelen oder och fir Iesswueren ze kréien. Mir hunn eis bei eise Froe virun allem op Dossiere konzentréiert, déi vun den Offices sociaux ofgeleent goufen.

https://piraten.lu/hellefe-vun-den-office-sociaux/

Justiz:

Den 22ten November huet den europäesche Geriichtshaff een Urteel gefält, wat de Justizministère dozou veranlasst huet de Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) direkt offline ze huelen. Do war een da ganz schnell. Net esou schnell geet et am Dossier vun der Vorratsdatespäicherung, wou d’Regierungen an der ganzer EU zënter Joren d’Geriichtsuerteeler vum EUGH net ëmsetzen. https://piraten.lu/vorratsdatespaicherung-nofro/

Kultur:

Am November war Lëtzebuerg als Gaascht um Festival de Films francophones zu Montréal (Kanada) agelueden. Hei huet Lëtzebuerg eng Installatioun mat grousse Buschtawen, sou wéi se och virun der Philharmonie an der Stad steet, opriichte gelooss. Dës Buschtawen goufen ënnert anerem mat der Cargolux geflunn. Mir wollte méi iwwert dës Buschtawe wëssen an hunn ënnert anerem nom Käschtepunkt gefrot an op et ekologesch nohaltegen ass fir esou eng Installatioun ëm den hallwe Planéit ze fléien.

https://piraten.lu/montreal/

Logement:

Méi lass war dëse Mount am Beräich Logement. Bekannterweis gouf jo dat neit Mietgesetz deposéiert, wat riskéiert d’Louhnen hei am Land nach méi deier ze maachen : https://piraten.lu/7642-mietgesetz/ . Do stellt sech natierlech dann och nach d’Fro, ob net souguer Regierungsmemberen, déi selwer Immobilie verlouhnen, sech eng gëlle Nues um neie Gesetz kéinte verdingen ? https://piraten.lu/mietgesetz-regierungsmemberen/

Witzegerweis koum et puer Wochen drop ee Communiqué vum Minister, dass een e Feehler an enger Excel-Tabell gemaach gouf an dofir d’Loyeren schlecht gerechent goufen. Ee Rechefeehler ? An dat vun enger Consultingfirma ? Wat hunn déi dorunner verdingt ? https://piraten.lu/excel-logmin/

Weider hu mer e bëssen d’Aarbecht vun der Regierung am Beräich erschwénglech Louhnen kontrolléiert an eng Fro betreffend dem Bilan vun der Gestion Locative Sociale gestallt : https://piraten.lu/gls/

Dann hu mer och nach eng Kéier nogehakt, wéi d’Bauland am Besëtz vum Staat bis elo verbaut gouf. Et geet net duer, op Pressekonferenzen grouss Zuelen z’annoncéieren, mee et misst mol eng Kontroll gemaach ginn, wéi d’Bauland vum Staat och tatsächlech geschafft gëtt :https://piraten.lu/bauland-staat-nofro/

Zu Gudder Lescht si mer och beim Fonds du Logement intervenéiert, well zu Déifferdeng an engem Wunngebai vum Fonds de logement säit dem 11ten November kee waarmt Waasser méi do ass a keng Heizung méi funktionéiert. https://piraten.lu/keen-waarmt-waasser-a-keng-heizung-beim-fonds-de-logement-zu-deifferdeng/

Mobiliteit

Ëmmer nees héiert ee Kloen doriwwer, dass vill Zich bei der CFL onpünktlech solle sinn oder Zich carrement ganz ausfalen. Och Feeler innerhalb vun der Mobilitéitsapp si keen Eenzelfall. D^Äntwert vum Minister weist, dass nach Verbesserungspotenzial besteht.

https://piraten.lu/punktlechkeet-bei-der-cfl/

D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Buslinnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat erhéichter Frequenz fueren. Mir hunn mol selwerbeim Ministe rnogehakt, wat do drun ass. 

https://piraten.lu/zuchfrequenzen-am-norden-vum-land/

De Fuerpark vun der Regierung ass ee Klassiker vun de Piraten-Qpen an feelt natierlech och dëst Joer net. Mir wëllen wëssen, wéi eng Autoen d’Regierungsmemberen duerch d’Géigend kutschéieren a wéi nohaltëg dës Autoen wierklech sinn. https://piraten.lu/fuerpark-vun-der-regierung/

Natur, Ëmwelt & Klima

Och an der Klimapolitik war am November vill lass : d’Weltklimakonferenz war an Ägypten zesummekomm. Zu der Resultater vun der CO27 hunn d’Piraten eng Aktualitéitsstonn an der Chamber gehalen : https://www.chd.lu/fr/seance/2806?sequenceId=145840

D’Piraten hunn an deem Kontext alt nees eng weider Gesetzespropose ofginn, an där et dorëms geet, fir negativ Emissiounstechnologien – Stéchwuert Carbon Capture – massiv auszebauen. D’Propose huet zum Zil fir Lëtzebuerg an d’ganz Welt méi schnell zur Klimaneutralitéit hin ze beweegen. https://piraten.lu/lnet-ppl/

Buschstawen fléien ëm d’Welt – Wärend an Ägypten Vertrieder aus der ganzer Welt op der Weltklimakonferenz COP27 iwwert d’Klimakris diskutéieren, léisst Lëtzebuerg léisst Marketing-Gadgete ronderëm d’Welt fléien. https://piraten.lu/montreal/

Dann hu mer nach eng weider Fro zu de Solar-Subventioune gestallt, déi jo bekanntenerweis laang Zeit op sech waarde loossen : https://piraten.lu/ausbezuele-vun-de-solar-subventiounen-nofro/

Police & Arméi

Virun e puer Joren hate mir eng Fro gestallt zur Sécherheet an de verschiddene Stied hei am Land. D’Situatioun schéngt sech allgemeng net ze berouegen. De Rekrutement vu méi Poliziste soll d’Schlagkraaft verstäerken, mee ob dat awer duer geet, bleift ofzewaarden. Entretemps wëlle mir kucken, wéi d’Zuelen sech entwéckelt hunn. https://piraten.lu/entwecklung-vun-der-effentlecher-secherheet-a-kriminaliteit-zu-letzebuerg/

Och Dossier vum Policefichier schaffen d’Piraten konstruktiv mat. De Piraten-Deputéierten Marc Goergen huet den 18ten November eng Ännerung proposéiert, wat d’Hale vu Log-Files  am Policefichier ugeet. De Gesetzesprojet vum Policefichier (mat der Nummer 7741) gëtt aktuell an der Chamber ausgeschafft a soll dem Dateschutz bei der Policeaarbecht méi Rechnung droen.https://piraten.lu/7741-policefichier/

Am September gouf eng NATO-Pipeline, déi de Findel mat Kerosin beliwwert, bei Maintenanceaarbechten an Däitschland beschiedegt. Och wärend der Iwwerschwemmungskatastroph am Joer 2021 war et bei der nämmlechter Pipeline zu Problemer komm. Eng weider Pipeline, déi de Findel fréier via Fréiseng-Moutfort beliwwert huet, ass viru Joren an der Lorraine beschiedegt ginn, ewéi Kuelegruewen zesumme gefall sinn a kann zënterdeem net méi genotzt ginn. https://piraten.lu/nato-pipeline-um-findel/

Santé:

Eis gouf zougedroen, dass vill Infirmieren an Infirmière Formatioune maachen, fir sech a Beräicher ze spezialiséieren, fir dann awer net an deenen entspriechende Beräicher eng Plaz ze kréien. Mir hunn dowéinst verschidde Froen zu de Spezialisatioune vun den Infirmieren an Infirmière gestalt. 

https://piraten.lu/spezialisatioun-vun-infirmieren-an-infirmieren/

Wéi en aus de Medie matkrut huet, leit Lëtzebuerg aktuell ënnert enger Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Kannerklinik ass momentan quasi voll, eng Krisenzell gouf agesat an et kënnt och zu sougenannten Deprogrammatiounen, bei deenen net urgent pediatresch Chirurgie-Interventioune verréckelt ginn. Mir wollten dowéinst wëssen, wéi sech d’Zuel vun de Pediateren an de Pediatriesbetter an deene leschten 20 Joer entwéckelt huet a wéi vill Pediateren hei zu Lëtzebuerg op 1000 Awunner kommen. 

https://piraten.lu/pediatrien-zu-letzebuerg/

Am Kontext vun der Bronchiolite-Epidemie hunn mir dann nogefrot, ob betraffe Kanner och op aner Statioune verluecht ginn, well d’Pediatrie iwwerlaascht sinn a wat kuerzfristeg gemaach gëtt, fir d’Zuel vun de Better ze erhéijen. 

https://piraten.lu/epidemie-vu-bronchiolite-fall-an-der-kannerklinik/

Des Weideren hunn mir eng Question parlementaire zu Fäll vun Tuberkulos an de Schoule gestallt a wéi domat an de Schoulen a vu Säite vum Ministère ëmgaange gëtt. 

https://piraten.lu/tuberkulosfall-an-der-schoul/

Eng weider Question parlementaire huet sech mat der Zouloossung vu Medikamenter beschäftegt. Mir wollte wëssen, firwat d’Ministère keent bilateraalt Ofkommes mat dem belsche Ministère ausschaffe, fir d’Zouloossung vun de Medikamenter, déi mir iwwert d’Belsch kréien, ze beschleunegen. 

https://piraten.lu/zouloossung-vu-medikamenter/

Iwwert Fro.lu krute mir da Froen zum Cannabis-Ueleg eran. Just néi Patiente kriten de Cannabis-Ueleg, aner Patiente géifen hei awer ausgeschloss ginn. D’Grënn dofir wieren déi ze kleng Quantitéiten, déi aktuell verfügbar wieren. 

https://piraten.lu/fro-lu-cannabis-ueleg-november-2022/

Eng weider Fro, déi mir iwwert Fro.lu era kruten, huet sech mat den Auxiliaire de vie beschäftegt, méi genau, ënnert wéi engen Aarbechtskontrakter dës beschäftegt ginn. 

https://piraten.lu/fro-lu-auxiliaire-de-vie/

Och d’Assurance dépendance war dëse Mount Sujet. Am Kader vun der Assurance dépendance gëtt et d’Méiglechkeet vun de sougenannte Prestations en espèces. Dobäi handelt et sech ëm Geld vum Staat fir ee Mënsch, deen sech all Woch ëm eng Persoun këmmert, déi op zousätzlech Hëllef ugewisen ass. Bei de Prestations en espèces ginn et fest Montanten, déi sech no der Zäit riichten, déi dës Aide pro Woch mat der fleegebedierfteger Persoun verbréngt. Mir wollte wëssen, wéi sech dës Forfaiten zesummesetzen an op de Ministère dës well un déi aktuell Präishaussen upassen. 

https://piraten.lu/assurance-dependance/

Dann gouf bekannt, dass Philips schonn am Juni 2021 e Réckruff vun Otemgeräter lancéiert huet. Vun dem Réckruff ass och Lëtzebuerg betraff. Zu Lëtzebuerg richteg ukomm ass dës Meldung awer eréischt Mëtt November a vill Patiente goufen aus der Press gewuer, dass Problemer mat hirem Gerät kéinte sinn. Mir wollte méi zu dësem Dossier wëssen an hunn gefrot, wéi et konnt sinn, dass déi selwecht Geräter ënnert verschiddenen Nimm verkaaft goufen a wéini genau déi éischt Informatiounen zu Problemer vu Philips an dem Ministère agaange sinn.

https://piraten.lu/reckruf-vun-otemgerater/

An der Chamber ware mir dann och ganz aktiv. Esou gouf et zum Beispill en Debat iwwert d’Léieren, déi mir aus der Covid-Pandemie zéien kennen. An och den Accès zur Pëll fir Fraen a Meedercher war en Thema.

https://www.chd.lu/fr/seance/2809

Wirtschaft:

Am November gouf den Gaspräissdeckel fir Lëtzebuerg an d’Aiden fir d’Betriber dann och am Parlament beschloss.

Laut New York Times wëll Amazon weltwäit 10’000 Aarbechter entloossen. Amazon huet och ee Standuert zu Lëtzebuerg. Huet de Minister Kenntnis doriwwer, ob och Aarbechter zu Lëtzebuerg entlooss solle ginn? Wa jo, wéi vill?

https://piraten.lu/entloossunge-bei-amazon/An der Chamber gouf dann och iwwert de Präiss vun den Zigarette geschat. Mir Piraten froen eis, firwat d’Reeglen fir den Tubak net fir de Vaping gëllen: https://www.chd.lu/fr/seance/2808?startTi

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu