Newsletter Juli 2022

Ahoi,

Et ass Zäit fir d’Neiegkeete vum Mount Juli!

Ier mir awer de Bléck no vir woen, fir d’éischt nach zu eisen Evenementer am August.

Den 18ten August fënnt den 3te Piratepatt bei eis an de Büroe vun der Sensibilitéit statt (22 rue de l’eau an der Stad). All Member ass wëllkomm, fir sech mat den Deputéierten, dem Personal an deenen aner Memberen auszetauschen. 😉 Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt.

Den 19ten bis den 21ten August fënnt dann och an Däitschland vu Pirate Future camp statt, vun eisen däitschen Noperen organiséiert. Wann een intresséiert ass hei matzemaachen, mellt iech ënnert [email protected] a mir mellen iech mat un a kommen och fir en Deel vun de Käschte vun der Rees op. Méi Infoe fannt dir hei: https://piraten-futurecamp.de/

Elo dann zéck op eise Reckbléck:

Am Juli ginn ëmmer vill Projete vun der Regierung nach virun der grousser Vakanz duerch gedréckt. Steierdebatt, Impfflicht, d’Versuergung duerch Fraen- a Kannerdokteren an natierlech och nach den éischte Vott zum 4ten Deel vun der Verfassungsännerung.

Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Aarbecht

D’Piraten hale weiderhi géing de Model vum Interim an hunn eng weider Kéier kritesch Froe gestallt: https://piraten.lu/interim-zu-letzebuerg/

Déiereschutz

D’Piraten fuerdere weider méi streng Kontrollen am Déiereschutz an dat schonn zënter Joeren. An enger weiderer parlamentarescher Fro hu mir d’Regierung erëm op d’Thema vun den déierentransporter opmierksam gemaach a mir erhalen och weider de politeschen Drock, fir dass d’Bedingunge vun Notzdéieren, Hausdéieren a Wëlldéieren hei am Land verbessert ginn.

https://piraten.lu/deierentransporter-nofro-2/

Educatioun

De 7te Juli huet den aktuelle Bildungsminister Claude Meisch d’Konzept vun der neier Hausaufgabenhëllef virgestallt, déi ab der nächster Rentrée soll agefouert ginn.

D’Pirate bedaueren d’Ëmsetzung vun dëser Moossnam, déi, wéi villes bei der DP-Kanner a Familljepolitik, net gutt duerchduecht ass. Ufanks war festgehale ginn, dass d’Hausaufgabenhëllef an de Schoule selwer soll duerchgefouert ginn. Dat wäert awer net de Fall sinn an dës wichteg Aufgab gëtt elo un d’Maisons Relais’en ofgedréckt, déi haut schonn op ville Platzen am Land komplett iwwerlaascht sinn.

Hei de ganze Communiqué dozou vun der Partei an dem Mandy Arendt: https://piraten.lu/hausaufgabenhellef/

Mir hunn am Juli och nach eng Fro zum Congé parental gestallt: https://piraten.lu/cae-restitution/

Familljepolitik

Dëse Mount war och d’Thema Famill a Kanner erëm méi am Fokus vun der Chamber. D’Regierung huet decidéiert, eng gratis Hausaufgabenhëllef a Mëttegiessen an de Maisons Relais’en anzeféieren. Mir Piraten ënnerstëtzen dat, mee mir denken och un déi Elteren, déi hier Kanner net an eng Crèche oder Maison relais kënne schécken. Dat huet de Marc Goergen och kloer an der Chamber ugeschwat : https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3701/sequence/206444.html

Zousätzlech dozou hu mir eng parlamentaresch Fro un d’Regierung gestallt, wou mer konkret nofroen, wéi dann elo déi Elteren gehollef kréien, deenen hier Kanner net an enger Maison relais sinn :

https://piraten.lu/maison-relais-platz/

D’Mandy Arendt, selwer Sozialpedagogin mat Erfarungen an enger Maison relais, mécht an engem Communiqué och ee ganz niichtere Bilan vun der gratis Hausaufgabenhëllef, wou nach net gewosst ass, wéi se wäert ëmgesat ginn :

https://piraten.lu/hausaufgabenhellef/

Gemengepolitik & Innepolitik

Nom Dossier Superdreckskëscht, deen op nationalem Niveau fir Empörung gesuergt huet (a mat deem mir Piraten nach laang net fäerdeg sinn) koum et elo rezent zu brisanten Informatiounen beim Gemengesyndikat SIGI, deen sech ëm d’Informatik bei de Gemengen këmmert. No verschiddenen QPen, hu mer eis och um lokale Plang agesat, fir dass Transparenz an den Dossier SIGI kënnt : https://piraten.lu/kontroll-vum-sigi/

Infrastruktur & Landesentwécklung

An der Äntwert op eis Fro n°6214 koum eraus, dass de Staat nach ëmmer Gebaier mat Gasheizungen baut, wat bedäit, dass de Staat a seng sëllege Verwaltunge selwer nach ee groussen Deel vun de Gebaier mat fossille Brennstoffer hëtzen. Wärend d’Bierger opgeruff ginn, fir ze spueren an nei Heizungen anzebauen, ass de Staat selwer nach net mam gudde Beispill virgaangen. Mir wëlle wëssen, wéi vill Gas a Masutt esou all Joer vum Staat verbraucht ginn. https://piraten.lu/verbrauch-gas-petrol-staat/

En Heliport zu Urspelt? Wéi et eis zu Ouere komm ass, krut de Luxushotel “Château d’Urspelt”, geleeën zu Ischpelt an der Gemeng Klierf, eng Geneemegung fir en Heliport installéieren a bedreiwen ze kënnen. Ugefrot sinn anscheinend 104 Start/Landungen d’Joër, dat wären dann zwou Beweegungen d’Woch, mee dat ass wuel nach ausbaubar. D’Awunner sinn net frou, eng Biergerinitiativ gouf scho gegrënnt, an d’Autoritéiten (Gemeng, Ministèren) halen sech bedeckt. Ee Grond méi, fir hei nozefroen.

https://piraten.lu/en-heliport-zu-urspelt/

Mobilitéit

D’Zil vum Minister Bausch war et bis 2020 eng 40’000 Elektroautoen ze hunn. Dat Zil gouf verfehlt, mir leien 2022 bei ronn 13’000. Elo gouf d’Zil ugekënnegt, bis 2030 eng 300’000 Elektroautoen am Land ze hunn. Realistesch? A wéi gesäit et mat de Luetstatiounen aus, wann an der Strooss d’Leitungen net genuch Stroum hirginn?

https://piraten.lu/aktuelle-stand-vun-der-elektromobiliteit/

Natur, Ëmwelt & Klima

Wärend laangen Dréchenten am Summer kënnt et vir, dass d’Leit opgeruff ginn, Waasser ze spueren. Den 13te Juli 2022 hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt eng “Phase de vigilance” aktivéiert, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft. De Normalbierger muss Waasser spueren an däerf zB säi Gaart net méi netzen oder säin Auto net méi wäschen. Trotz dësem Appell konnt een den Dag selwer nach gesinn, wéi Gemengen de Pawee mam Hochdruckreiniger botzen oder owes rieseg Futtballfelder netzen.

 https://piraten.lu/waasser-summer/ & https://piraten.lu/waasserknappheet-dphase-de-vigilance-gouf-declencheiert/

An enger ARD-Dokumentatioun iwwert de Plastikmüll, “Die Recyclinglüge”, gëtt ob verschidde Mëssstänn bei der Entsuergung vun Offall opmierksam gemaach. Vun de 6 Milliounen Tonne Plastiksoffall, déi järlech an Däitschland produzéiert ginn, géif ee groussen Deel  a Betongsfabrike verbrannt oder an Asien am Mier entsuergt.

https://piraten.lu/die-recyclingluge/

Alles zum Dossier SuperDrecksKëscht fannt Dir hei:

https://piraten.lu/dossiersdk/

Police & Arméi

 D’Arméi deet sech zënter Jore schwéier, fir Zaldoten a Personal ze rekrutéieren. Mir wëllen Informatiounen doriwwer, wéi d’Personalsituatioun bei der Arméi ausgesäit an eng éierlech Analyse, wat d’Grënn dofir sinn? Wa mer méi Zaldoten a Personal wëllen, da mussen d’Aarbechtsbedingungen bei der Arméi besser ginn. D’Chance dofir bitt sech, well de Minister wëll bis 2028 d’Militärausgaben op bal eng Milliard erhéijen.

https://piraten.lu/rekrutement-bei-der-armei-2/

Et gouf vu Säite vum Verdeedegungsministère a vun der Arméi ugekënnegt, dass ee gemeinsame Batailloun tëschent Lëtzebuerg an der Belsch soll realiséiert ginn. Dem Chef d’Etat Major sengem Interview vum 1te Juli 2022 op RTL no, solle 700 Leit an dëse Batailloun kommen a Lëtzebuerg misst “nëmmen” zousätzlech 100 Zaldote rekrutéieren, fir de Batailloun kënnen z’assuréieren. Wou sollen déi 100 Zaldoten méi hirkommen?

https://piraten.lu/bataillonlube/

Wirtschaft a Finanzen

Am Juli war se dann endlech, no 2 Joer Preparatioun, d’Steierdebatt.

Mir Pirate sinn zu engem steierfräie Mindestloun, enger Erhéijung vum Spëtzesteiersaz an zur Steierklass 2 fir jiddereen. Hei fannt dir dem Sven Clement seng Ried: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3705/sequence/207989.html

Hei fannt dir eist Singleportal fir eng Steierklass fir jiddereen: https://piraten.lu/fdpfs2/

An der Chamber huet de Wirtschaftsminister Fayot missten zouginn, dass Arcelor Mittal weider u Russland Stohl liwwert. Zitat Minister :”Et sief awer gesot, datt de Wirtschaftsminister bei ArcelorMittal insistéiert huet, datt di néideg Precautiounsmesure an Assurance musse geholl ginn, fir datt déi Liwwerungen di AMT a Russland mécht, net däerfe fir militäresch Zwecker gebraucht ginn.” Mir Pirate sinn der Meenung, dass een net engem Putin ka gleewen, dass deen d’Material vun eis net fir säi Krich benotzt. Mir froen eis, op d’Regierung hei net zouléisst, dass ee Betrib wou si mat am Verwaltungsrot setzen, géint d’Sanktioune verstéisst. https://piraten.lu/liwwerunge-vun-arcelormittal-a-russland/

D’Piraten Deputéiert konnten dann och elo endlech de Kontrakt kucken, deen 2004 tëschent dem Staat an de Pëtrolsliwweranten ofgeschloss gouf. Hei d’Reaktioun vum Sven Clement: https://twitter.com/svnee/status/1551807642242269185

Mir bleiwen also drun, an hunn ee weidere Bréif un de Ministère geschéckt: https://piraten.lu/kontrakt-staat-petrolsfirmen/

Santé

Am Kader vun enger vun eis ugefroter Aktualitéitsstonn zum Thema Kanner- a Fraendokteren huet de Marc Goergen nach eemol betount wéi wichteg eng gutt a no Versuergung iwwerall hei am Land ass. Mir haten dëst Stonn no der Schléissung vun der Maternité zu Ettelbréck ugefrot, hunn eis an eiser Interventioun awer net do drop limitéiert.

Hei kënnt der déi ganz Ried lauschteren: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3689/sequence/205771.html

D’Piraten hunn dann och eng ganz konkret Fuerderung mat an d’Chamber bruecht.

Fir ee Gebuertshaus zu Lëtzebuerg: https://piraten.lu/motioun-fir-dgesetzeslag-fir-e-gebuertshaus-ze-klaren/ . Dës Fro ass an d’Kommissioun verwise ginn, wou se dann hoffentlech schnell mat der Gesondheetsministesch behandelt gëtt.

Tourismus

Fir de Vëlosummer 2022 maachen, ënnert anerem, d’CFL op hirem Site Werbung dofir, dass een de Vëlo problemlos am Zuch ka mathuelen. Extra Zich ginn u verschidde Weekender agesat an den Transport vu Vëloen an E-Bikes ass – wéi och fir d’Passagéier – gratis. Mee kann de Minister garantéieren, dass zu all Zäitpunkt genuch Plaze fir Vëloen, Rollstill a Poussetten an den Zich souwéi an de Busser do sinn?

https://piraten.lu/velosummer-2022/

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat