Net ouni meng Mask – Werbecampagne

“Net ouni meng Mask”, dëst war der Numm vun der Werbecampagne, déi de Gesondheetsministère fir ronn eng Millioun Euro opstelle gelooss huet. Wéi d’Ministere mir a menger Fro n°2333 äntweren, gouf eng Firma domadder beopdrot, dës Campagne ze realiséieren. Opfälleg ass, dass dës Firma direkt Verbindunge mat mindestens enger vun de Regierungsparteien huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi verdeelen sech déi 1.132.263,38€ Ausgaben op
    • d’Konzeptioun?
    • d’Diffusioun?
    • d’Publicitéit?
    • d’Kommissioun vun der Agence?

  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt et sech bei dëser Agence ëm eng Firma handelt, déi an der Walcampagne 2018 vun der d’LSAP Opträg krut?
    (Quell: https://www.adada.lu/2018/12/michel-strotz-et-karim-youssef-creent-lagence-neon-marketing-technology/)

  3. Firwat krut grad dës Firma den Optrag vun der Regierung? 

  4. Ugesiichts den aktuellen Informatiounen, wéi schléisst d’Regierung aus, dass et zu Favoritismus an dësem Fall komm ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2548

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen