Net disponibel Säll op dem Campus vun der Universitéit

Et gouf un eis eru gedroen, dass et am Kader vun der Ausbildung zum Enseignant am Fondamental op der Universitéit ëmmer nees dozou géif kommen, dass Coursen net en présentiel kënne stattfannen, well keng Säll zur Verfügung géife stoen. De Studenten wier gesot ginn, dass dës Säll net géifen zur Verfügung stoen, well de Lycée Guillaume Kroll eng ganz Rei vu Säll um Campus vun der Universitéit géif benotzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass dës Informatiounen der Realitéit entspriechen?

  2. Sollten dës Informatiounen der Realitéit entspriechen, kann de Minister erklären, firwat de Lycée Guillaume Kroll dës Säll benotzt an ëm wéi vill Säll et konkret geet?

  3. De Minister huet viru kuerzem säin neie Programm virgestallt, mat deem Leit iwwert een neie Programm vum Quereinsteiger sollen an de Beruff vum Enseignant am Fondamentale kommen. A senger Presentatioun schwätzt hien dovun, dass op dësem Wee nach vill méi Leit kéint ausgebilt ginn. Wann et aktuell awer schonn un de néideg Raimlechkeete feelt, wéi wëll de Minister innerhalb vun deenen nächste puer Méint dofir suergen, dass genuch Säll fir déi entspriechend Coursen zur Verfügung stinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8015

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023