Nëmmen 5 vun 22 Gesellschaften hunn eng Personalvertriedung am Verwaltungsrot!

All S.A. bei der de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält muss dem Gesetz no eng Personaldelegatioun  am Verwaltungsrot hunn. Wéi aus enger Äntwert vum Här Gramegna, ob äis parlamentaresch Fro ervir geet, sinn awer just a 5 Gesellschaften, bei deenen de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält an déi ënnert de Statut vun enger S.A. falen, Memberen vun der Personalvertriedung am Verwaltungsrot. Bei 17 anere Gesellschaften ass dat zur Zäit net de Fall, esou dass hei a multipel Fäll géint den Artikel L.426-1 (2) vum Code du Travail verstouss gëtt! 

Mir erwaarde vum zoustännege Minister, datt dëse Mëssstand schnellstméiglech behuewe gëtt, fir datt der Stemm vun den Employéen dat Gehéier zoukënnt, dat hinnen zousteet! Et kann net sinn, datt de Staat, deen d’Rechter vu senge Bierger schütze soll, géint geltend Gesetz verstéisst a Gesellschaften wou e zum Deel bis zu 100% vum Kapital hält!

https://web.piraten.lu/wei-huet-luxtram-et-mam-gesetz/

Wéi huet Luxtram et mam Gesetz?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt