Neiwahlen zu Déifferdeng

Kommunikatioun vun de Piraten – Sektioun Déifferdeng

D’Piraten reagéieren op de Récktrëtt vum Roberto Traversini als Buergermeeschter a fuerdere Neiwahlen zu Déifferdeng.

Haut, den 20. September, huet de Buergermeeschter vun Déifferdeng, de Roberto Traversini, offiziell seng Demissioun annoncéiert.

D’Piraten bestinn op de Prinzip vun der demokratescher Legitiméierung vun eise Volleksvertrieder, ob um Gemengenniveau oder um nationale Plang. D’Sektioun Déifferdeng fuerdert den Déifferdenger Gemengerot op Neiwahlen unzesetzen, fir dass d’Wahl vum Buergermeeschter net vun de Parteien am Gemengerot decidéiert gëtt, mee vun den Déifferdengerinnen an Déifferdenger.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen