An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 2764 vum 11. September 2025 hat d’Regierung däitlech ënnerstrach, dass si déi deemoleg dänesch Propose kritesch gesäit, well se “rëm an eng méi intrusiv Richtung geet” an de Schutz vun de Grondrechter net genuch garantéiert wier. D’Regierung hat explizit festgehalen, dass déi sougenannt “Uploadmoderation” de Risiko vun enger genereller Iwwerwaachung net andämmt an de Krittär vun der Proportionalitéit aus der EU-Grondrechtercharta net erfëllt. D’Positioun war kloer: Lëtzebuerg ass fir eng cibléiert Detektioun, awer géint Moossnamen, déi d’Kommunikatioune vun all de Benotzer, och deenen ouni Lien mat enger Strofdot, scannen. De 26. November 2025 hunn d’EU-Ambassadeuren (COREPER) en neit Mandat fir d’Veruerdnung zur Bekämpfung vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner (“Chatkontroll”) ugeholl, wat de Wee fir Trilog-Verhandlunge fräimécht. Verschiddenen Analysen no huet Lëtzebuerg dëst Mandat ënnerstëtzt, wärend aner Memberstaate wéi Tschechien, Holland, Polen an Italie Bedenken ugemellt oder dogéint gestëmmt hunn. Et besteet d’Suerg, dass deen elo ugehollenen Text, trotz enger Ëmbenennung a “fräiwëlleg”, faktesch zu enger flächendeckender Iwwerwaachung duerch US-Tech-Konzerner an enger Ausweispflicht fir d’Notzung vu Messengerdéngschter féiere kéint.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi huet de Vertrieder vu Lëtzebuerg de 26. November 2025 bei der Ofstëmmung am COREPER iwwer d’Mandat zur “Chatkontroll” konkret votéiert?
Falls Lëtzebuerg dem Text zougestëmmt huet: Wéi justifiéiert d’Regierung dëse Positiounswiessel par rapport zur Äntwert op d’Fro n° 2764, an där explizit virun de Risike vun der “Uploadmoderation” an enger genereller Iwwerwaachung gewarnt gouf?
Ass d’Regierung der Opfaassung, dass deen elo ugehollenen Text d’Krittäre vun der Proportionalitéit an dem Schutz vun de Grondrechter erfëllt, obwuel Expert’en drop hiweisen, dass “fräiwëlleg” Uploadmoderation de facto op eng net justifiéiert Masseniwwerwaachung erausleeft?
Wéi bewäert d’Regierung déi am Text virgesinn Altersverifikatiounen am Hibléck op d’Recht op anonym Kommunikatioun an Dateschutz, besonnesch well dëst eng Identifizéierungspflicht fir all Notzer mat sech brénge kéint?
Wéi eng Positioun wäert Lëtzebuerg an deenen elo ustoenden Trilog-Verhandlunge vertrieden, fir sécherzestellen, dass et net zu der “digitaler Katastroph” kënnt, virun där Biergerrechtler warnen?
QP Nummer 3281