neien Sëtz vu Revolut a Frankräich

Et gouf rezent bekannt gemaach, datt d’Finanztechnologie-Firma Revolut decidéiert huet, hiren neien Haaptsëtz fir Westeuropa a Frankräich anzeriichten an eng franséisch Bankelizenz unzefroen. Dës Entscheedung vun enger wichteger Fintech-Firma kéint potenziell Auswierkungen op de Lëtzebuerger Finanzplaz hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War d’Regierung a Kontakt mat de Vertrieder vu Revolut virun dëser Entscheedung? Falls jo, wat waren d’Grënn, déi d’Firma uginn huet, fir sech géint Lëtzebuerg ze entscheeden?

  2. Hat Revolut och zu Lëtzebuerg no de Konditiounen fir eng Bankelizenz gefrot?

  3. Wéi evaluéiert d’Regierung den Impakt vun dëser Entscheedung op d’Lëtzebuerger Finanzplaz, besonnesch am Kontext vun der Konkurrenz tëscht europäeschen Zentre fir Finanztechnologie-Firmen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2346

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen