Neien Datenaustausch Accord tëscht der EU an den USA

Säit dem 11ten Juli ass dat neit Dateschutzofkommes tëscht der EU an den USA a Kraaft. D’Ofkommes ersetzt den “Privacy Shield” Accord deen duerch Kloe bei der CJUE gekippt gi war. D’Dateschutz Organisatioun Noyb, déi fir d’Enn vum “Privacy Shield ” verantwortlech war, huet awer och dat néit Ofkommes als Copie vun deem ale kritiséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Reunioune war den Accord am EU-Conseil oder dem Ministerrot Thema?

  2. Ass Lëtzebuerg der Meenung, dass ënnert dem neien Ofkommes den Austausch an d’Späicherung op US-Serveren den europäeschen Dateschutzstandarden entsprécht?

  3. Hat Lëtzebuerg Remarke par Rapport zum Text gemaach?
    • Wa jo, wéi eng?
    • Wa nee, hat Lëtzebuerg d’Méiglechkeet dëst ze maachen?
    • Sinn dës Remarken an de finalen Text agefloss oder net? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8162

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt