nei Maison des Sports

Zanter Jore scho freet den COSL fir sech a fir déi agreéiert Sportfederatiounen néi Raimlechkeete, well d’Maison des Sports op der Arelerstross scho laang ze kleng ass an den haitegen Uspréch net méi gerecht gëtt.  Viru Joren huet déi deemoleg Regierung schonn no Raimlechkeete fir eng néi Maison des Sports gesicht. An der Lescht gouf och vill an der Lëtzebuerger Sportswelt doriwwer spekuléiert. An enger Reunioun vum Sportminister mam COSL Ufanks Januar 2025 gouf dëse Sujet erëm thematiséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et entretemps eng konkreet Pist fir eng néi Maison des Sports?
    • Wa jo, wou soll dës hikommen?
    • Wann jo, wéi héich sinn d’Käschte fir déi néi Gebailechkeeten?

  2. Bléift et dobäi, dass de Staat d’Käschte fir déi nei Maison des Sports iwwerhëlt an sech och weiderhin un de Fonctionnementskäschte bedeelegt?

  3. Wäert och den LIHPS hei ënnerdaach kommen an dann och deem seng Käschte weiderhin integral vum Staat ofgedeckt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2110

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen