nei Maison des Sports – Nofro

Wéi an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 2110 confirméiert, huet de Sportminister op der Generalversammlung vum COSL den 29. Mäerz 2025 preziséiert, dass de Staat wäert Gebailechkeeten op der Cloche d’Or bei engem private Promoteur lounen, wou déi scho laang vum COSL gefuerdert néi Maison des sports soll hikommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wiem gehéiert aktuell den Terrain wou dës néi Gebailechkeete wäerten drop gebaut ginn?

  2. Wien ass de private Promoteur deen dës Gebailechkeete wäert bauen?

  3. Wéi vill m2 Fläch wäert dëse Bau insgesamt hunn?

  4. Wéi vill m2 wäert de Staat an dëse Gebailechkeeten insgesamt lounen?

  5. Wéi vill m2 wäerten am Ganze fir d’Maison des Sports do virgesi ginn?

  6. Ënnert wat fir engem Budgetsartikel wäerten dës Fraise rëmzefanne sinn?

  7. Ass geplangt, dass och nach aner Institutiounen nieft dem COSL an de Sportverbänn an deem Gebai wäerten ënnerkommen, esou wéi dat och och der Areler Strooss de Fall ass?

  8. Mengen Informatiounen no huet den COSL scho säit Längerem eng Opstellung gemaach, wat alles an enger néier Maison des Sports vu Raimlechkeeten an Equipementer fir den COSL selwer a fir d’Verbänn wäert gebraucht ginn – sinn des Besoinen an der Planung vun den neie Raimlechkeete consideréiert ginn?

  9. Wéini gëtt genau mam Bau vun der néier Maison des sports ugefaangen a wéini ass  – Stand haut – virgesinn, dass souwuel den COSL wéi och d’Sportverbänn do definitiv anzéie kënnen?

  10. Sinn an der néier Maison des Sports och Raimlechkeete fir den INAPS virgesinn, dee jo opgrond vu sengem Wuesstum net méi genuch Plaz um INS huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2250

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene