Nei Ëffnungszäiten am Commerce an Impakt op d’Garde vun de Kanner

D’Regierung huet decidéiert, dass d’Geschäfter an Zukunft méi laang hir Diere kënnen opmaachen. Dëst bréngt mat sech, dass vill Beschäftegt wäerten aner Aarbechtsstonne kréien, wat een Challenge ass fir d’Familljen- an d’Beruffsliewen op eng Linn ze kréien. Déi meescht Crèchen a Maison Relaisen hunn awer aktuell just tëschent 5h00 an 19h00 op.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung higoen an dofir suergen, dass d’Maison relaisen, d’Crèchen an Assistants parentaux och Sonndes mussen opmaachen?

  2. Wat ass geplangt, fir d’Konditiounen beim Chèques Service d’Acceuil z’änneren fir den neien Ëffnungszäiten am Commerce Rechnung ze droen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1690

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt