Nei Destinatioune vun der Luxair

An engem Wort-Artikel vum 28ten Juni seet de Gilles Feith, Chef vun der Luxair: “Neue Strecken gehören ebenfalls zur künftigen Luxair-Strategie, aber noch hält sich die Airline bedeckt mit konkreten Plänen.” Nei Destinatiounen kéinnte besonnesch fir déi Lëtzebuergesch Ekonomie interessant sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, dass bei de neie Strecken, déi fir d’Luxair potenziell a Fro kéimen, och Destinatiounen dobäi sinn, déi fir déi Lëtzebuergesch Ekonomie besonnesch interessant kéinte sinn, zum Beispill New York?

  2. Wei eng Ureizer wier de Wirtschaftsministère eventuell bereet ze proposéieren, fir dass Destinatiounen, déi och am Interêt vun der Lëtzebuerger Ekonomie sinn, ugesteiert géife ginn?

  3. Ass e Ministère an der Sich no neien Destinatioune fir d’Luxair involvéiert? Wa jo, wéi een ass dat?

  4. Hunn d’Ministere Kenntnis doriwwer, ob bis elo an engem Verwaltungsrot d’Sich no neien Destinatioune beschwat gi sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 951

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt