Keng NATO-Verflichtungen am Schinneverkéier

D’NATO braucht fir ee funktionnéierend Verdeedgungsbündnis net nëmme militäresch Ressourcen, mee muss och funktionnéierend Infrastrukturen hunn, fir d’Ressourcen kënnen vun A op B ze transportéieren. Een Deel dovunner entfällt op de Schinneverkéier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Verflichtungen huet Lëtzebuerg am Kader vun der NATO am Schinneverkéier ze respektéieren?

  2. Existéiert eng Verflichtung, dass am Fuerpark vum Schinneverkéier vun engem Land eng Mindestunzuel un Diesel-Lokomotiven musse präsent sinn? Falls jo, wou ass dëst festgehalen a wéi ee Seuil gëllt et hei ze respektéieren?

  3. An engem Artikel op focus.de vum 6ten Abrëll 2024 steet:
    “Wie schnell der Expresstransport zum Beispiel ins Baltikum gelingen könnte, ist offen. Denn für Militärfahrzeuge gibt es kein Schengen-Abkommen, das normalerweise einen freien Grenzverkehr in der EU garantiert. […] Um den Prozess zu beschleunigen, arbeiten die Niederlande, Polen und Deutschland derzeit an einem „militärischen Schengen“.”

    Wéi steet déi lëtzebuergesch Regierung zu dëse Pläng a wat ass den aktuelle Stand vun dësem Projet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1093

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen