NATO-Pipeline um Findel

Am September gouf eng NATO-Pipeline, déi de Findel mat Kerosin beliwwert, bei Maintenanceaarbechten an Däitschland beschiedegt. Glécklecherweis ass de Schued relativ kleng bliwwen an et ass net zu Enkpäss an der Beliwwerung vu Kerosin fir de Findel komm. Och wärend der Iwwerschwemmungskatastroph am Joer 2021 war et bei der nämmlechter Pipeline zu Problemer komm. Eng weider Pipeline, déi de Findel fréier via Fréiseng-Moutfort beliwwert huet, ass viru Joren an der Lorraine beschiedegt ginn, ewéi Kuelegruewen zesumme gefall sinn a kann zënterdeem net méi genotzt ginn. An dësen onsecheren Zeiten, Energieenkpäss an och de Krich an der Ukraine, misst Résilience och zu Lëtzebuerg méi grouss geschriwwe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt d’Versuergung mat Kerosin um Findel aktuell sécher gestallt? Ass geplangt, fir d’Versuergung um Findel besser ofzesécheren? Falls jo, wéi?

  2. Fir wéi vill Deeg huet de Findel Reserven u Kerosin? Wéi ass et an der Zukunft wann déi nei Fuel-Farm fäerdeg ass?

  3. Huet de Minister Gespréicher mat de franséischen Autoritéiten gefouert, fir dass den Deel vun der Pipeline, dee Fréiseng mat Frankräich verbënnt, erëm reparéiert gëtt?  Falls jo, wat ass bei deene Gespréicher erauskomm?  Falls nee, firwat ass bis elo kee Suivi gemaach ginn?

  4. Wieren d’NATO-Ufuerderungen (military requirements) um Findel garantéiert, am Fall wou eng Pann un der eenzeger Pipeline geschitt, déi Däitschland mat Lëtzebuerg verbënnt?

  5. D’Pipeline, déi op de Findel féiert, kann net nëmme fir d’Liwwerung vu Kerosin, mee och fir aner Produkter benotzt ginn, eventuell souguer, an enger noer Zukunft, e-Fuels. Kéint dës Pipeline eng Alternativ zum Transport mam Camion, Zuch oder Schëff fir Lëtzebuerg duerstellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7234

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene