Nato-Fong fir d’Ukrain

Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst 5 Joer gesammelt ginn. D’Zil ass dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg no: “der Ukrain eng zouverlässeg a previsibel Ënnerstëtzung op laang Siicht [ze] garantéieren, fir datt mer manner op fräiwëlleg Bäiträg, a méi op fest NATO-Engagementer setze kënnen. Manner kuerzfristeg Offeren, méi Engagementer iwwer Joren.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf Lëtzebuerg scho virum Nato-Treffe vum 3ten Abrëll am Kontext vum geplangte Fong approchéiert? Wa jo, wat war d’Positioun vun der Regierung zu dëser Iddi?

  2. Plangt Lëtzebuerg, sech un dësem Fong ze bedeelegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 578

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt